Summerserie Made in LuxemburgDeel 6: Paul Frauenberg Armurerie zu Nidderfeelen

RTL Lëtzebuerg
Niewent dem restauréiere vu Gewierer ass ee schonn eng ganz Rei Jore mat enger eegene Produktiounslinn vu Juegdgewierer um Marché.
Summerserie Made in Luxemburg (6): Paul Frauenberg Armurerie
Niewent dem restauréiere vu Gewierer ass ee schonn eng ganz Rei Jore mat enger eegene Produktiounslinn vu Juegdgewierer um Marché.

1995 huet de Paul Frauenberg zesumme mat sengem Pap säi Betrib zu Nidderfeelen opgebaut. Eng vun deene wéinegen Armuerien hei am Land, déi net just Waffe verkeeft, mä och villes selwer mëscht, also net just Waffe verkafen, mä virun allem al Gewierer a Pistoulen renovéieren oder esouguer komplett selwer bauen.

Gewierer oder Pistoulen, déi wäit iwwert 100 Joer al sinn, kënnen hautdesdaags net méi einfach esou benotzt ginn. Déi mussen z.B op e Kaliber ëmgebaut sinn, deen een haut nach kafe kann, wann een se weider op der Juegd oder um Schéissstand wëll benotzen. Dacks gi bei esou Aarbechten un ale Gewierer och nach kleng Modifikatioune mat agebaut, fir se och déi nächst 100 Joer kennen ze erhalen.

Niewent dem Restauréiere vu Gewierer ass ee schonn eng ganz Rei Jore mat enger eegene Produktiounslinn vu Juegdgewierer um Marché. An déi huet wäit iwwert d'Grenze vum Land eraus e grousse Succès. Déi ginn nämlech bal komplett zu Nidderfeelen zesummegebaut. Natierlech net all Stéck, well een net fir alles déi néideg Maschinnen huet. Dat géing sech einfach net loune seet de Paul Frauenberg. Mä d'Iddi a wei et ausgesi soll, dat kennt exklusiv vun Nidderfeelen.

De Justage an d'Produktioun vu Gewierer a Pistoulen ass awer net dat eenzegt wat een an der Armuriere fënnt. Ëmmer méi wichteg ass och de Beräich vun den Accessoiren. Och wann een déi net selwer produzéiert, ass de Verkaf dovun aus enger moderner Armurerie net méi fortzedenken. Mat iwwer 25 Joer Experienz am Beruff ass een awer och do gutt opgestallt.

Den Iwwerbléck vun der Serie

Deel 1: Lang’s Lights zu BäerbuergDeel 2: Euro Composites zu IechternachDeel 3: Marc Pesch sàrl zu KäerjengDeel 4: Ceratizit zu Mamer Deel 5: ArcelorMittal um Belval an zu Biissen

Back to Top
CIM LOGO