Um Freideg de MoienDeels kräfteg Schnéischaueren, virun allem am Éislek

RTL Lëtzebuerg
Meteolux rechent am Norde vum Land lokal mat 5 bis 7 Zentimeter Schnéi. Wéi Kachelmannwetter mellt, ass e Freidegmoien och Glatäis net ausgeschloss.
Am Éislek um 6.55 Auer
Am Éislek um 6.55 Auer
© Domingos Oliveira

Déi national Wiederagence Meteolux huet fir e Freideg tëscht 6 a 14 Auer eng Alerte Jaune fir dat ganzt Land erausginn. Allgemeng kéinten tëscht 2 a 4 Zentimeter Schnéi falen, am Éislek kéinte souguer tëscht 5 a 7 Zentimeter falen.

© www.meteolux.lu

An de Meteoprevisioune vu Kachelmannwetter ass rieds vun deels kräftege Schnéischaueren a Glatäis, och bis an d’Däller eran. Géint Mëtteg géif de Schnéi awer ëmmer méi a Reen iwwergoen, iwwerdeens et am Éislek awer och nach méi laang kéint schneien.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO