Aktualitéitsstonn an der ChamberDeels kritesch Téin vun der Oppositioun zu de Resultater vun der COP28

Pierre Jans
D‘Weltklimakonferenz, wou Lëtzebuerg duerch Beamten an zäitweis dem Ëmweltminister Serge Wilmes vertruede war, goung mat engem Accord op en Enn.

An enger Aktualitéitsstonn an der Chamber goufen d‘Resultater vun der COP28 op Demande vun déi Gréng diskutéiert.

Déi viregt Ëmweltministesch an Deputéiert Joëlle Welfring huet aus der Siicht vun déi Gréng en duerchwuessene Bilan gezunn. Si huet staark bedauert, dass keng konkret Sortie aus de fossillen Energie an der Ofschlossdeklaratioun festgehale gouf:

„Et ass e Schlag an d‘Gesiicht fir déi vulnerabel Länner, zum Beispill Inselstaaten, deenen d‘Waasser scho bis un de Hals steet. Trotzdeem ass et wichteg, dass den Terme „Transitioun ewech vu fossille Brennstoffer an Energiesystemer op eng gerecht, geuerdent an equilibréiert Manéier“ et endlech a fir d‘éischt an e finalen Text gepackt huet.“

Och de Ben Polidori huet kritesch Téin geäussert:

„Mir freeën eis natierlech, dass d‘Opfuerderung aus de fossille Brennstoffer erauszeklammen am Text steet, mee mir wëssen dach all, dass déi vill Schlupflächer, déi dra bliwwe sinn, och benotzt wäerte ginn.“

Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot, dee selwer op d‘Weltklimakonferenz gereest war, huet begréisst, dass de Fokus am Accord op der 1,5 Grad-Limitt aus dem Paräisser Klimaaccord läit. E Kompromëss op enger Konferenz mat esou ville Participante wär en Exploit u sech. Am selwechten Esprit huet den Ëmweltminister Serge Wilmes ze bedenke ginn:

„Et muss een awer ëmmer mol fir d‘éischt unerkennen, dass 200 Länner et fäerdeg bréngen, fir sech op een Text ze eenegen. Länner, déi ganz ënnerschiddlech an hirer Entwécklung sinn an och anescht vum Klimawandel menacéiert sinn. Dat ass en Exploit.“

D‘Oppositiounsparteien ADR, Piraten an déi Lénk hunn a Fro gestallt, ob eng Lëtzebuerger Präsens zu Dubai iwwerhaapt néideg gewiescht wär. Generell gouf och um Krautmaart kritiséiert, dass d‘Weltklimakonferenz an den Emiraten war. Engem Land, dat vum Pëtrolsexport lieft. De Luc Emering, Deputéierte vun der DP, huet et op de Punkt bruecht.

„Wann déi anonym Alkoholiker sech géifen an enger Wiertschaft treffen, fir driwwer ze diskutéieren fir opzehalen mam Drénken, da géifen déi meescht de Kapp rëselen.“

Als Exploit gouf vun enger Majoritéit an der Chamber och de Kompensatiounsfong bewäert, mat deem déi Länner solle gehollef kréien, déi am meeschten ënnert de Konsequenze vum Klimawandel leiden.

Op der nächster COP am Aserbaidschan soll verdéift ginn, wéi dat Dëppe gefëllt a wéi doraus verdeelt soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO