
Dem CSV-Deputéierte Serge Wilmes no géif et dono ausgesinn, wéi wann eng 15 dovun zu kommerziellen Zwecker gesteet gi wären, fir järlech oder deeglech Juegdrechter ze verkafen. Hien hat dofir eng parlamentaresch Fro un d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg gestallt.
Parlamentaresch Fro: Goufe bis zu 20 Louse fir kommerziell Zwecker gesteet? D'Ministesch huet en Dënschdeg op dës Question parlementaire geäntwert, si géif net gesinn, wéi den Deputéierte behaapte kéint, dass järlech oder deeglech Juegdrechter hätte kënne verkaf ginn, vu dass de Bail eréischt den nächsten 1. Abrëll uleeft. Sollt de Serge Wilmes entspriechend Beweiser hunn, sollt hien der Natur- a Forstverwaltung déi sou séier wéi méiglech matdeelen.
D'deelweis oder ganz Sous-locatioun vun engem Juegdlous wär och verbueden. Wann déi Dispositioun net géif respektéiert ginn, géifen d'Locatairë juristesch Poursuite riskéieren an dass de Kontrakt opgeléist gëtt. De Locataire géif ënnert den 3 leschte Biddenden erausgesicht ginn, bei enger eventueller zukünfteger Revisioun vum Gesetz kéint d'Prozedur awer analyséiert an den aktuellen Erfarunge Rechnung gedroe ginn.