Deepfakes si manipuléiert Medieninhalter, déi vun der Kënschtlecher Intelligenz generéiert ginn a sinn deels dach ganz realistesch Fotoen, Videoen oder Audioen. Antëscht gi bei Deepfakes Stëmme verännert oder imitéiert, fir d’Desinformatiounen ze verbreeden.
Wärend een dës manipuléiert Inhalter aktuell nach mat bloussem A erkenne kann, ginn dës Deepfakes awer ëmmer besser an et gëtt ëmmer méi schwéier, se vun de richtege Fotoen, Videoen oder Audioen ze ënnerscheeden, well d’KI sech aktuell ëmmer weider verbessert an ëmmer manner Feeler mécht.
Et soll ee sech op alle Fall trauen, net alles, wat een am Internet gesäit, fir boer Mënz ze huelen. Op Faktenchecksäite kann ee zum Beispill kucken, ob dat Material, wat engem ugewise gëtt, net scho kontrolléiert gouf oder ob de Sujet, deen an engem sengem Feed an de Soziale Medien opgetaucht ass, och vun den Noriichtesender, déi no journalistesche Krittäre schaffen, opgegraff gouf.