“Hien huet mer éischter sympathesch geschéngt a war extrem frëndlech. Net wéi eng geféierlech Persoun”, beschreift den Affekot Me Daniel Scheerer säi Mandant, dee Mann, deen den 22. Dezember 2022 eng 32 Joer al Fra am Schlof attackéiert an ëmbruecht huet, ier ee se a a Stécker geschnidden huet. Méi spéit huet en och säi Matbewunner mat engem Messer schwéier blesséiert.
Beim Mann war scho viru Joren eng paranoid Schizophrenie diagnostizéiert ginn, an och wärend dem Prozess huet hie seng Wanvirstellunge gedeelt. Nämlech, dass hien an de Leit den Däiwel an Dämone gesäit, virun deenen hien d’Welt misst retten. Stëmme vu Gott, Jesus oder der Jongfra Maria géingen him dat soen.
Affekot plaidéiert op Scholdonfäeg
Den Affekot vum Ugekloten huet sech a senger Plaidoirie mat dem Requisitoire vum Parquet alignéiert. Dem Daniel Scheerer no wier säi Mandant strofrechtlech net responsabel. Deemno huet hien op Scholdonfäegkeet plaidéiert. “Och wann e fräigesprach gëtt, muss en an eng spezialiséiert Institutioun”, erkläert den Affekot nom Prozess. De Mann bräicht e rigouréise Suivi vum Traitement a wier och averstanen domat. Den Affekot ka sech net virstellen, dass säi Mandant net de Rescht vu sengem Liewen an engem Suivi wäert sinn oder an enger Structure protégée. Definitiv awer net eleng, wou hie just géing all véier Wochen e Psychiater gesinn.
D’Partie civillen, eemol vum Affer an eemol déi vun den Eltere vun der verstuerwener Fra, sinn do awer anerer Meenung. Eng Scholdonfäegkeet wier net an alle Punkte ginn. E Fait wier hei nämlech, dass den Ugekloten Deeg virun der Dot seng Medikamenter net méi geholl hätt. “Den Här war dee Moment, wou et geschitt ass, bestëmmt net bei sech. Mä en huet e Feeler gemaach doduerch, dass en déi Medikamenter net geholl huet, wou en ëmmer gesot huet, dass e se misst huelen, och wann en net konnt novollzéie wisou”, seet de Me Fränk Rollinger, Affekot vun den Eltere vum verstuerwenen Affer. Hien hätt gewosst, dass en d’Medikamenter misst huelen. Deemno misst den Ugeklote beweisen, dass d’Nethuele vun de Medikamenter net zu der Dot gefouert huet, fir fir scholdonfäeg erkläert ze ginn.
“Ech mengen, dass den Här och haut näischt an engem Prisong verluer huet”, betount awer och de Fränk Rollinger. Wat awer net géing heeschen, dass hien net kéint eng Prisongsstrof kréien an dann aus dem Prisong eraus an en Etablissement placéiert kéint ginn.
Scholdfro geet iwwert dëse Prozess eraus
Iwwer d’Scholdfro vum Affer an iwwer dëse Prozess eraus stellt sech hei awer nach eng aner Fro: Nämlech wéi et konnt sinn, dass de Mann, dee scho jorelaang a Behandlung war, konnt an enger Co-Locatioun wunnen? Eréischt Méint virun der Dot hat hien en encadréierte Logement verloosse mussen, well et him géing besser goen.
“Dat ass eng zivilrechtlech Fro”, betount den Daniel Scheerer. Allerdéngs misst sech och de Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) Froe stellen.
D’Urteel gëtt de 27. Mäerz gesprach.