Schwéier TransitiounDéi 102 Kierchefabrécken hunn dat lescht Joer 875.000 Euro Defizit gemaach

Claude Zeimetz
De Kierchefong, deen duerch d’Reform vun de Kierchefabrécken entstanen ass, huet eng éischte Kéier de Bilan vun de Konte presentéiert.
Kierchefong
Déi 102 Kierchefabrécken hunn dat lescht Joer 875.000 Euro Defizit gemaach.

D’Transitioun déi lescht dräi Joer wier ganz schwéier gewiescht, sou d’Presidentin vum Verwaltungsrot Marianne Bausch-König e Mëttwoch de Moien. De Fong ass 2018 per Gesetz geschaaft ginn a versteet sech selwer als “Service-Organisatioun” am Déngscht vun de Poren. Et wier een net duerfir do, Benefice ze maachen, mä fir materiell Besoine vun de Poren ofzedecken, sou d’Marianne Bausch-König. Also d’Kierchen ënnerhalen, de Patrimoine geréieren a Säll zur Verfügung stellen, zum Beispill fir de Katchëssem. Zënter 2018 sinn 21 Kierchen hei am Land desakraliséiert ginn.
Angscht virun der Masuttrechnung

Zejoert hunn déi 102 Kierchefabrécke mat engem operationellen Defizit vun 875.000 Euro ofgeschloss. D’Onkäschte fir ze hëtzen, friessen den Ament dat gréisst Lach an de Portmonni. Donen a Kollekte maachen de Gros vun de Recetten aus.

Eng grouss Suerg fir déi nächst Méint sinn dann och déi héich Energiekäschten, déi zanter der Reform aus dem Joer 2018 integral vun de Kierchefabrécken iwwerholl musse ginn. Un d’Poren ass et d’Consigne, d’Kierchen manner ze hëtzen, respektiv d’Aktivitéiten op eenzel Gebaier ze limitéieren.

Grouss finanziell Ënnerscheeder tëscht de Kierchefabrécke bleiwe bestoen

Et ass nach ëmmer sou, datt déi finanziell Situatioun jee no Kierchefabréck ganz ënnerschiddlech ass. Vun den 33 Pore sinn der 23 defizitär. E puer géifen do ganz déif an de roude Zuele stiechen. Dogéint wieren 10 Pore finanziell gutt opgestallt. An enger weiderer Etapp wéilt een op de Wee goen, fir d’Finanzen duerch Kooperatioun e bësse besser ënnert de lokalen Entitéiten z’equilibréieren. Et wier een am Gaang, iwwert en “Element vu Solidaritéit” nodenken, mat deem déi räich deene méi aarme Kierchefabrécke kéinte bäistoen. Dës Iwwerleeunge stiechen awer nach an de Kannerschong.

Abordabele Wunnraum schafe fir de Staat lount sech net méi

Fir zousätzlech Revenue setzt de Kierchefong haaptsächlech op Immobilien. De Fong huet zejoert Recetten an Héicht vun 2,5 Milliounen Euro duerch Immobiliëprojete generéiert. Vun den 33 Immobiliëprojeten, déi zanter 2018 lancéiert goufen, goufen der 7 ofgeschloss. Zanter, datt d’Modalitéite geännert hunn, géif et sech fir de Kierchefong awer net méi rentéieren, an abordabele Wunnraum z’investéieren. D’Politik vum Henri Kox, fir de “Logement à coût modéré an ëffentlecher Hand ze halen”, wier gelongen, huet de Generalvikar Leo Wagener et e bësse pickeg formuléiert.

De Kierchefong huet de Bilan gezunn / Rep. Claude Zeimetz

Back to Top
CIM LOGO