Verdacht op PolicegewaltDéi 4 concernéiert Poliziste bleiwe bis op Weideres an Untersuchungshaft

RTL Lëtzebuerg
Mëtt Juli goufen als éischt dräi Polizisten, an duerno nach e Véierte verhaft. Si kréie Policegewalt reprochéiert.

Hannergrond wier den Ëmgang mat enger alkoholiséierter Persoun, déi den 20. Mee 2023 an d’Zell sollt bruecht ginn, fir niichter ze ginn. D’Justiz hat matgedeelt, datt déi 4 Beamten op engem Stater Policekommissariat schaffen.

An dëser Affär hat d’Chambre du conseil vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg d’leschte Mëttwoch zwou Ordonnancë geholl, an zwee vun de véier inhaftéierte Polizisten eng provisoresch Fräiloossung zougesprach. Ma wéi RTL en Dënschdeg op Nofro hi vum Parquet gewuer gouf, huet d’Chambre du conseil vun der Cour d’appel dëse Verdikt vun der Chambre du conseil vum Bezierksgeriicht reforméiert. Konkret bedeit dat, dass déi zwee betraffe Beamte bis op Weideres an Untersuchungshaft bleiwen.

Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’présomption d’innocence.

Back to Top
CIM LOGO