ImpfflichtDéi 4 Oppositiounsparteie si sech eens, datt de Staatsrot richteg reagéiert hätt

Marc Hoscheid
Wärend sech ADR, Piraten an déi Lénk allerdéngs kloer géint eng Impfflicht ausschwätzen, wëll d'CSV se am Moment net.
© AFP Archiv

Uganks Juli hat d’Regierung decidéiert, datt déi deemoleg sanitär Situatioun ronderëm de Coronavirus eng Impfflicht net justifiéiere géing. Fir den Hierscht preparéiert ze sinn, huet een awer een informellen Text un de Staatsrot geschéckt.

Impfflicht - Reaktioune vun der Oppositioun

De Conseil d’Etat huet awer refuséiert den Text ze aviséieren, ebe well et keen offizielle Gesetzesprojet ass. Wéineg iwwerraschend, spueren d’Oppositiounsparteien net mat Kritik. De Claude Wiseler, gesondheetspolitesche Spriecher vun der CSV-Fraktioun, hätt sech eng aner Virgoensweis gewënscht.

Claude Wiseler:“Eis Meenung war et, fir den Text fäerdeg ze maachen an dann als kompletten Text op den Instanzewee ze bréngen, wëssend, datt mer e selbstverständlech net an dësem Moment géinge stëmmen, wëssend datt mer e just géinge prett maachen fir wa mer e géinge brauchen, wat ech net hoffen.”

Wéi eng Persoune vun enger eventueller Impfflicht betraff solle sinn, do wollt de Claude Wiseler sech net festleeën. Dat misst een zu deem Moment kucken, wa se a Kraaft triede soll.

Och de Sven Clement vun der Piratepartei kritiséiert d’Virgoe vun der Regierung. Et wier esou ee graven handwierkleche Feeler, datt ee wëll vu Calcul schwätze kéint.

Sven Clement:“Dës Regierung wëllt gären alle Säite gefalen, wëllt sech gären de schéine Männche maachen, souwuel bei deene Leit déi géint, an deenen déi vir eng Impfflicht sinn, dowéinst hëlt se einfach keng Decisioun.”

De Sven Clement spekuléiert zudeem, datt d’Regierungsparteie sech am Dossier Impfflicht net eens sinn. Datt de Staatsrot den aktuellen Text net aviséiere wëllt, wier mat Bléck op déi konstitutionelle Roll vum Conseil d’Etat iwwerdeems déi richteg Decisioun. Seng Partei wier kloer géint eng Impfflicht. Et géing een un d’Wierkung vun der Impfung gleewen, grad bei schwéiere Verleef, awer et wier ee weider fir de fräie Choix.

Impfflicht - Reaktioune vun der Oppositioun (ADR + Déi Lénk)

“Amateurhaft, feig an eng Blamage”, sou kommentéiert de Fred Keup vun der ADR d’Demarche vun der Regierung a Saachen Impfflicht. Wuel och mat Bléck op d’Walen am nächste Joer géing ee probéieren et jidderengem gerecht ze maachen. Dat géing awer dozou féieren, datt een et kengem gerecht mécht. Dem Staatsrot seng Decisioun, den Text net ze aviséieren, wier richteg. Lo wier et un der Regierung ze soen, ob si fir oder géint eng Impfflicht ass. D’Linn vu senger Partei wier kloer.

Fred Keup: “Mir si vun Ufank un géint eng Impfflicht a mir wäerte bis zum Schluss géint eng Impfflicht sinn. Da weess jidderee wou en drun ass, déi eng Leit fannen et gutt, déi aner fannen et net gutt, mä et ass éierlech a konsequent.”

Och déi Lénk si géint eng Impfflicht, wéi d’Nathalie Oberweis ënnersträicht. Et hätt een intern diskutéiert a wier zum Resultat komm, datt dës Mesure net a Proportioun zum Ziel stoe géing dat areecht soll ginn. En plus géing et Alternativen, wéi Medikamenter an nei Impfstoffer, déi ufangs des Joers op de Marché koumen. Des misste fir d’éischt mol analyséiert ginn, äert een eng Impfflicht aféiert. De Gesetzesprojet wier an engem ontransparenten an ondemokratesche Prozess ausgeschafft ginn. Virun allem de Premier hätt hei keng gutt Roll gespillt.

Nathalie Oberweis: “Ech mengen et ass kloer, datt d’Madame Lenert ni dofir war, si huet dat jo och kloer gesot. Si war eigentlech relativ kloer an hire Proposen, datt si dat relativ skeptesch gesinn huet an dat bis zum Schluss. Do mengen ech ass et nees eng Kéier d’DP, virun allem den Här Bettel, déi dat duerchgedréckt huet.”

Déi véier Oppositiounsparteie si sech also eens, datt de Staatsrot richteg reagéiert hätt. Datt d’Regierung deels hefteg Kritik astieche muss, iwwerrascht net wierklech. Wärend sech ADR, Piraten an déi Lénk kloer géint eng Impfflicht ausschwätzen, wëllt d’CSV se am Moment net. Et bräicht een awer ee koherenten Text fir de Fall, datt am Hierscht eng méi virulent Variant zirkuléiert. Wéi et mat de Regierungsparteien DP, LSAP an déi Gréng ausgesäit, ass dogéint manner kloer.

Kleng Ambiguitéit elo gekläert, esou d’Paulette Lenert um Freideg

De Staatsrot wéilt den Text iwwer d’Impfflicht esou net aviséieren. Dat huet RTL um Freideg de Moie gemellt. D’LSAP Vizepremierministesch Paulette Lenert huet um Freideg de Mëtten dozou gesot, datt den Text zu der Impfflicht nach eng Kéier mat méi präzise Froen un de Staatsrot zréck wäert goen. Et géing een dovunner ausgoen, datt elo zäitno en Avis komme wäert.

Et wier eng éischte Kéier, datt an esou enger Form, zu engem Projet deen een net wéilt formell deposéieren, en Avis gefrot gi wier. Vun der Prozedur hier wier do eng kleng Ambiguitéit gewiescht, déi awer elo gekläert wär.

RTL News: Staatsrot wëll Text iwwer Corona-Impfflicht esou net aviséieren

Back to Top
CIM LOGO