
D’Police mécht eng Vermësstemeldung. Déi 64 Joer al Valentyna Bokhan gëtt zanter en Dënschdeg vermësst. Éischten Informatiounen no kéint si an der Stad sinn. D’Fra ass schlank a ronn 1,60m grouss. Si schwätzt Ukrainesch a Russesch an hat als lescht e wäisse Kaputzepullover a wäiss Turnschlappen un.
Wien d’Fra gesinn huet oder soss Informatiounen huet, soll sech bei der Police an der Stad mellen, dat um (+352) 244 40 1000.