3 Froen un den Andrew Ferrone"Déi éischt Woch am Juli war bis elo déi weltwäit wäermste Woch"

Pierre Weimerskirch
Den Andrew Ferrone ass Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteoservice am Landwirtschaftsministère. Mat him hu mer iwwert de waarme Summer geschwat.
© AFP

A villen Deeler vun der Welt erliewe mer den Ament héich Temperaturen, kann een do e Lien zum Klimawandel maachen oder si mer nach an den “normalen” Ausnamen?

De Juni war weltwäit de wäermsten, dee bis elo opgezeechent ginn ass an zu Lëtzebuerg de sechstwäermsten zanter 1838. Och déi éischt Woch am Juli war weltwäit déi wäermste Woch, déi et op eisem Planéit bis elo ginn ass a mir beweegen eis an engem Territoire, deen d’Mënschheet an eis Zivilisatioun esou nach ni erlieft huet.

De Klimawandel gëtt iwwert méi laang Periode vu mindestens 30 Joer festgestallt, well et natierlech Variabilitéit an der Evolutioun vu meteorologesche Phenomener gëtt. D’Weltmeteo-Organisatioun huet Ufanks Juli deklaréiert, dass de Phenomen El Niño agesat huet, wärend deem sech erwaart gëtt, dass déi global Temperaturen an d’Luucht ginn.

Kann een déi héich Temperaturen dann eleng duerch de Phenomen vum El Niño erklären?

Dass et allerdéngs zu esou extreme Phenomener op der ganzer Welt aktuell kënnt, ka sech duerch den El Niño eleng net erklären an dee vum Mënsche gemaache Klimawandel spillt och eng Roll. Fir deen ze chiffréieren, muss een eng sougenannten “Attributiounsstudie” ofwaarden, déi eng Ofschätzung mécht, ewéi dësen El Niño sech ausgewierkt hätt, wann et kee mënschegemaachte Klimawandel géif ginn.

Déi lescht esou Etüd huet gewisen, dass déi extrem Hëtz am Abrëll a Spuenien, Portugal, Marokko an Algerien ouni mënschegemaachte Klimawandel an deem Ausmooss quasi onméiglech gewiescht wier.

© AFP

Mir haten och d’lescht Joer ee Rekordsummer, kréie mer där elo all Joer?

D’Summere weltwäit an och hei zu Lëtzebuerg ginn duerch de mënschegemaachte Klimawandel ëmmer méi waarm. Hei zu Lëtzebuerg si Summeren an der Period 1991-2020 an der Moyenne ëm 1.1°C méi waarm gewiescht ewéi an der Period 1961-1990 an dës Tendenz no uewe wäert sech mindestens an den nächsten 30 Joer fortsetzen. Dono hänkt et dovun of, ob déi global Zäregas-Emissiounen op null erofgaange sinn oder net, ob de Klimawandel weidergeet oder net.

Och wann déi laangfristeg Tendenz ganz kloer no uewe bei den Temperature weist, heescht dat net, dass all Summer wäert nei Rekorder briechen. Duerch déi natierlech Variabilitéit kann et ëmmer nach zu engem méi kille Summer kommen.

De Weltklimarot stellt allerdéngs och fest, dass maximal Temperature méi ewéi zweemol esou séier an d’Luucht ginn ewéi Moyennen. Och dës Tendenz gesi mir zu Lëtzebuerg an hei geet d’Tendenz also nach méi séier erop.

Back to Top
CIM LOGO