FLFCristina Correia an Daniel Zirbes sinn déi nei Dammennationaltraineren

Sam Rickal
D'Cristina Correia war well am Staff vum Dan Santos. Den Daniel Zirbes huet ënner anerem bis elo d'U16-Nationalekipp vun den Hären trainéiert.
Nodeems d’FLF sech den 11. Mäerz vum Dan Santos getrennt huet, huet een elo en Duo engagéiert, fir d’Dammennationalekipp ze trainéieren.

Ronn zwou Wochen, nodeems sech déi Lëtzebuerger Futtball-Federatioun wéinst grave Reprochë vum Dan Santos als Nationaltrainer getrennt hat, huet d’FLF en Dënschdeg annoncéiert, datt dëse Posten an Zukunft vun zwou Persoune bekleet gëtt. D’Cristina Correia, déi well Co-Trainerin vum Dan Santos war, an den Daniel Zirbes, dee bis viru Kuerzem nach d’U16-Nationalekipp vun den Hären trainéiert huet, sti vun elo un an der Responsabilitéit.

Béid Traineren hunn den UEFA-A-Trainerschein. Ufank Abrëll spillen d’Rout Léiwinnen zweemol géint Israel.

Back to Top
CIM LOGO