
An den nächsten 3 Méint spéitstens, wäert aller Viraussiicht no eng nächst Index-Tranche erfalen.
De Wirtschaftswuesstem loung fir d’Joer 2025 hei zu Lëtzebuerg bei 0,6%. Dat wier besser wéi déi 3 Jore virdrun, mä nach ëmmer net ze vergläichen mat den Enn 2010er-Joren.
Dat schreift de Statec um Dënschdeg an enger neister Estimatioun. D’Statistik-Zentral fäert, dass et och dëst Joer esou weidergeet, dat wéinst dem ganz schwieregen internationale Kontext an der Angscht virun enger neier Inflatiounsspiral.
Eng liicht Dynamik wier um nationalen Aarbechtsmarché ze erkennen.
De Statec geet dervun aus, dass eng nächst Indextranche spéitstens bis Enn Juni erfält.
Aktuell steet den Index bei 1034,35 Punkten. Déi nächst Index-Tranche erfält beim Punktewäert vun 1038,79. D’Paien an d’Pensiounen géifen dann ëm 2,5% ugepasst.