Invité vun der Redaktioun (22. Oktober) - Michel Wolter"Déi generell Walanalyse misst een emol hannerfroen"

Sascha Georges
Där Meenung ass den de Käerjenger Buergermeeschter a Politiker vun der CSV Michel Wolter, deen um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war.
Invité vun der Redaktioun: Michel Wolter
Invité vun der Redaktioun war e Méindeg de Moien de Käerjenger Buergermeeschter a Politiker vun der CSV Michel Wolter.

Fir hie wier et absolut falsch, fir ze soen, dass eng 3er-Kolaitioun Blo-Rout-Gréng confirméiert gi wär. Hien huet dat an Hand vu 6 Punkten opgelëscht.

Notamment, dass 3 Haapt-Ministeren, nämlech de Claude Meisch, d’Lydia Mutsch, an de Marc Hansen, déi also fir wichteg Ressorte wéi d’Educatioun, d’Santé an de Logement responsabel waren, ofgestrooft goufen.

De Michel Wolter huet ënnerstrach, dass et richteg wär, dass d’CSV d’Walen och net gewonnen hätt, ma trotz allem bei wäitem weiderhi stäerkste Partei wier.

De Michel Wolter sot weider, datt vun deem Ament un, wou kloer war datt blo-rout-gréng op 31 Sëtz kéim, d'CSV ausgeschloss gouf.  Ma, d'CSV huet awer nach net resignéiert a well ofwaarden, wéi d’Koalitiounsgespréicher verlafen.

Där Meenung ass den de Käerjenger Buergermeeschter a Politiker vun der CSV Michel Wolter, deen um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun war.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO