
Déi Gréng aus dem Uelzechtdall adresséiere sech an engem Bréif u Creos a fuerderen en Dialog tëschent der Entreprise an den Awunner aus dem Uelzechtdall iwwert deen neie Stroumreseau, den sougenannte Projet "380".
Am Schreiwes vun deene Gréngen heescht et, et wéisst een, datt Creos am Ufank Wëlles hat, Informatiounsreuniounen z'organiséieren. Et géif een och verstoen, datt dat duerch de Coronavirus elo méi schwiereg wier, ma et wier net onméiglech.
Creos hätt Wëlles, virtuell Reunioune mat de Schäfferéit aus de betraffene Gemengen z'organiséieren an do werfen déi Gréng d'Fro op, firwat datt déi aner Memberen aus de Gemengeréit an och déi consultativ Kommissiounen, wéi d'Bautekommissiounen an d'Ëmweltkommissiounen, ausgeschloss ginn.
D'Biergerbedeelegung wier wichteg, virun allem, wann et ëm Projete vun esou enger Envergure géif goen, wéi an deem hei Fall. Do kéint den Debat mam Bierger net einfach aus sanitäre Grënn ausgeklammert ginn.
Creos misst dofir d'urgence, wéi et am Schreiwes heescht, ëffentlech Reuniounen op kommunalem Niveau organiséieren an Zesummenaarbecht mat deene politesche Responsabelen op der Plaz.