EuropawalenDéi Gréng presentéieren hir komplett Lëscht

RTL Lëtzebuerg
Nieft der Spëtzekandidatin Tilly Metz an dem François Bausch, déi scho méi fréi am Dag confirméiert goufen, sinn och déi aner véier Kandidaten elo bekannt.

E Mëttwoch de Moien hate mer scho gemellt, datt den Ex-Vizepremier François Bausch mat op d’Lëscht vun den Europawale géif goen an do d’Spëtzekandidatin Tilly Metz géif ënnerstëtzen. Am Interview mam 100,7 hat de fréieren Transportminister dann nach gesot, datt hien net de Co-Spëtzekandidat* géif ginn.

Déi Roll iwwerhëlt de Fabricio Costa, de Spriecher vun de jonke Gréngen. Weider stinn nach déi fréier Deputéiert Djuna Bernard a Chantal Gary op der Lëscht vun den Europawalen. Komplettéiert gëtt dës duerch de Patrick Hurst, Enseignant a President vum Centre pour l’égalité du traitement.

© Déi Gréng

All d’Kandidate mussen awer nach op engem Parteikongress de 16. Mäerz ofgeseent ginn.

François Bausch an Europa?

Wéi et heescht, wier de Politiker bereet, d’Europalëscht mat senger 10 Joer laanger Experienz als Minister an den EU-Conseilen ze verstäerken a seng Partei an d’Spëtzekandidatin Tilly Metz ze ënnerstëtzen. Sollt de François Bausch gewielt ginn, géif d’Djuna Bernard nees an d’Chamber noréckelen. D’Co-Parteipresidentin hat als Drëttgewielt op der Zentrumslëscht bei de Walen zejoert de Sprong net méi an d’Chamber gepackt.

*An enger éischter Variant hate mer vun “Duebelspëtzt Bausch/Metz” geschwat.

PDF: De Communiqué vun déi Gréng mat weideren Detailer

Back to Top
CIM LOGO