EuropawalenDéi Gréng riskéieren eng weider Kéier, schlecht ofzeschneiden

RTL Lëtzebuerg
Ma och d'DP kéint et méi schwéier kréien, wärend d'LSAP an d'CSV als grouss Gewënner kéinten aus dëse Walen erausgoen.
© Fabienne Zwally (RTL Archiv)

A Sondagen, déi d’Lëtzebuerger Wort opgegraff huet, a wou sech op d’Noriichteportal Euractiv beruff gëtt, géifen déi Lëtzebuerger Gréng hire Sëtz am Europaparlament verléieren.

D’CSV hätt d’Nues vir a kéim nees op 3 Sëtz. D’LSAP géif e Sëtz bäileeën an hätt dann zwee Europadeputéiert. D’DP kéint dat gutt Resultat vun 2019 net widderhuelen a géif nees op ee Sëtz zréckfalen.

Allgemeng gi fir d’Europawalen de Populiste gutt Resultater virausgesot. D’AfD an Däitschland oder de “Rassemblement National” a Frankräich kéinten u Stëmme wannen. Mëtt-Lénks-Parteien, Grénger a Liberaler dierften – Stand Februar – bei den Europawalen am Juni un Zoustëmmung verléieren.

Back to Top
CIM LOGO