Programm fir d'NationalwalenDéi Gréng wënsche sech méi Gerechtegkeet bei de Steieren

Claudia Kollwelter
"Liewenswäert, Zukunftssécher a gerecht – dat ass eist Lëtzebuerg". Mat deem Slogan ginn déi Gréng an d'Nationalwalen.
Déi Gréng presentéieren hire Programm fir d'Nationalwalen
Zu Märel hunn déi Gréng hire Programm vun iwwer 140 Säite virgestallt.

Am Märeler Park huet d’Partei en Donneschdeg de Moien engersäits Bilan vun de leschten 10 Joer Regierungsaarbecht gezunn an awer och hir Prioritéite fir d’Walen am Oktober presentéiert.

140 Säiten huet de Walprogramm vun deene Gréngen, mat fënnef Prioritéiten an natierlech dem Fokus ënnert anerem um Klimaschutz an der Energietransitioun. D’Spëtzekandidat Sam Tanson gëtt Detailer: “Mir brauchen e Green Deal fir Lëtzebuerg, fir eis Entreprisen, massiv Investitiounen an d’Transitioun vun eisen Entreprisen. Dat schéngt eis e wichtege Punkt. Et ass scho vill gemaach ginn, mä mer mussen dat virun dreiwen. Et gesäit een déi positiv Effekter an awer och, datt eng reell Demande do ass, fir zousätzlech Formatiounen ze kréien”

Eng aner grouss Erausfuerderung wier de Logement, wou den Henri Kox awer scho vill geleescht hätt. “Et mussen mindestens 800 nei bezuelbar Wunnengen à moyen term kënne gebaut ginn. Mir hunn d’Jalonen déi lescht fënnef Joer gesat an dat muss weidergefouert ginn an net just dem Marché iwwerlooss ginn. Natierlech och gär zesumme mat de privaten Acteuren.”

Aner konkret Pist, déi déi Gréng wëllen aschloen, ass, datt an de Kantinnen op 100% Bio-Produkter gesat gëtt, esou d’Sam Tanson. “Mir hätte gär, datt jidderee sech d’Bio-Produite ka leeschten a wëllen d’TVA op Bio-Uebst a -Geméis op 0 erofsetzen.”

Eng Familljenaarbechtszäit soll deene Gréngen no agefouert ginn. Wou een eng Ënnerstëtzung kritt, wann een just nach 70 oder 80 Prozent schafft. Stéchwuert Steierreform huet d’Partei ronderëm d’Spëtzekandidatin Sam Tanson konkret Virstellungen. "Dat méi spéit soll ugefaange ginn, Steieren ze bezuelen, a Stéit mat klengem a mëttlerem Akommes entlaascht solle ginn.

E gerechte Steiersystem wier d’Zil. Och eng Verméigenssteier wier mat deene Gréngen an enger nächster Regierung keen Tabuthema, huet d’Sam Tanson nach betount. D’Partei wëll sech dann och fir eng eenheetlech Steierklass asetzen.

Walprogramm déi Gréng / Reportage Claudia Kollwelter

Dëse Weekend ass den offiziellen Optakt vun der Walcampagne. Déi Gréng hu ganz vill Wäert op paritéitesch Lëschte geluecht, 30 Fraen an 30 Männer gi mat an d’Walen. D’Altersmoyenne vun de Kandidate läit bei 45 Joer.

Nationalwalen - D’Kandidaten an der Iwwersiicht

Link: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen

Back to Top
CIM LOGO