Am Handwierk feelt et massiv u Personal. D'Chambre des Métiers huet dowéinst scho méi wéi eng Kéier Alarm geschloen. An duerfir wëlle se zu Déifferdeng am Science Center hëllefen, dass rëm méi Jonker op de Goût kommen. Vläicht och d'Angscht geholl ze kréie virum Beruff. Am Science Center kënne se Saachen ausprobéieren.