LogementskrisDéi jonk Gréng fuerderen, datt d'Regierung (ëm)steiert

RTL Lëtzebuerg
D'Regierung muss an der Logementskris (ëm)steieren. De Staat géif den Desequiliber um Wunnengsmaart zanter Joren duerch seng Steierpolitik erméiglechen.
Jonk Gréng wëlle Logementskris ugoen
An dobäi stelle si veschidde Fuerderungen un d'Regierung, déi hirer Meenung no (ëm)steiere muss.

Dat soten déi jonk Gréng e Freideg de Moien op hirer Pressekonferenz, wou si hir Fuerderungen a Saache Logementskris presentéiert hunn.

De Staat misst mëttelfristeg all Joer 2% vum PIB, also ëm 1,2 Milliarden Euro, an den ëffentlechen abordabele Wunnraum investéieren. Dat misst dann duerch nei Recette finanzéiert ginn. Déi jonk Gréng proposéieren ënnert anerem de Verkaf vu staatleche Participatiounen un de Banken, déi ee wärend der Finanzkris gerett hätt. Gläichzäiteg bräicht een och e komplett Ëmdenken an der Steierpolitik am Logementsberäich, erkläert den Fabricio Costa. Hien ass Member am Comité vun déi jonk Gréng. Si fuerderen hei, datt d'Grondsteier erhéicht gëtt fir onbebauten Terrainen am Perimeter, fir datt déi kënne bebaut ginn. Am Moment léichen déi ganz oft brooch. Si fuerderen och eng Steier op Wunnraum, deen eidel steet, an och, datt d'Steiervirdeeler fir Investisseure wéi zum Beispill den Amortissement Accéleré ofgeschaaft ginn.

© René Peiffer

Duerch d'Ofschafe vun de Steiervirdeeler géif d'Gestion locative sociale nees méi attraktiv ginn. Et wier iwwerdeems och wichteg Ierfschaften a gréissere Räichtum méi staark ze besteieren. Fir een, dee keen Iewen ass a kee Startkapital geierft huet, wier et immens schwéier, fir eppes ze fannen, zemools um Ufank vun enger berufflecher Karriär. Gläichzäiteg misst och eng Offer fir méi vulnerabel Gruppe geschaf ginn, esou nach de Fabricio Costa.

Am Pacte Logemengt 2.0 ass jo festgehalen, datt en Deel vum Neibau un déi ëffentlech Hand geet, dat begréissen déi jonk Gréng. Dee politeschen Drock géif awer weider wuessen, well och den Deel vun der Populatioun, dee concernéiert ass, ëmmer méi grouss géif ginn. De Logementsproblem misst dofir elo geléist ginn, fir de kommende Generatiounen eng Chance op abordabel Wunnengen ze ginn.

Hei de Communiqué vun deene jonke Gréngen!

Back to Top
CIM LOGO