Fënnef Themen louchen deene Jonke besonnesch um Häerz. Zweemol de Mount hu si sech getraff, fir hir Resolutiounen auszeschaffen. Den Echange an der Chamber, en Highlight, deen dëst Joer nees ganz fruchtbar war, wéi de President vum Jugendparlament Tim Delles betount.
D’Rechtsstaatlechkeet an der EU soll gestäerkt ginn, zum Beispill duerch e bessere Schutz fir Whistleblower.
Europa misst a Saachen Ekonomie an och Energie méi onofhängeg ginn – virun allem bei Ueleg a Gas. Duerch méi gréng Energie. Da missten d’Recycling-Gesetzer méi konsequent ëmgesat ginn. An déi Jonk fuerderen e Pfand-System, fir dass manner Plastik ewechgehäit gëtt.
De Schoulsystem misst Kanner mat spezifesche Besoine besser integréieren. An d’Jugendparlament stellt d’Alphabetiséierung op Däitsch a Fro. Si fuerdere parallel eng op Franséisch an Englesch.
Geschwë si Walen, ma déi Jugendlech hunn net d’Gefill, d’Politikerinnen a Politiker hätten hinnen den Interessi un hire Propose just virgespillt. Allerdéngs hofft d’Jugendparlament, dass si och no de Walen nach gehéiert ginn.
Dëse järlechen Hearing war deemno just de Startschoss fir eng ganz Rei Entrevuë mat de Parteien an de Ministèren.