Éischten E-Reider an der StadDéi klassesch Informatiounsfënster gëtt digital an interaktiv

Monica Camposeo
Matschaffe fir d'Offer ze verbesseren, dat ass d'Iddi vun der Stad Lëtzebuerg fir den neien E-Reider.

Presentatioun E-Reider an der Stad / Reportage: M. Camposeo

Et ass déi elektronesch Versioun vun der bis ewell dacks gliesener Vitrinn virun de Gemengen, mat all hiren Annoncen an Informatiounen dran. Op der Rocade, vis-à-vis vun de Rotonden, gouf e Mëttwoch de Mëtteg den éischten E-Reider virgestallt. Um Lampertsbierg an zu Gaasperech ass och jeeweils ee geplangt, als Pilotprojet. Um Enn sollen awer an all de Quartieren oder op gréissere Plazen an der Stad esou digital an interaktiv Informatiounspanneauen installéiert ginn.
 
Vu wäitem gesäit ee scho Plakater iwwer Evenementer, déi d'Gemeng ubitt. "Et ass u sech e klasseschen Affichage op engem digitale Support", esou d'Simone Hornick vun der Gemeng Lëtzebuerg. Si ass responsabel fir déi digital Kommunikatioun an huet de ganze Projet mat ausgeschafft. Deen digitale Volet erlaabt et vum klassesche Plakat op en interaktive Programm ze wiesselen. Klickt een nämlech op den Ecran, kann ee selwer wielen, wat ee wëll gesinn. Eng Busverbindung, déi noosten Toilette oder Waasserfontäne. D'Offer ass villfälteg. Op der Rocade komme vill Leit zesummen, déi eng schaffen hei, déi aner wunnen am Quartier, fir nach anerer ass et just en Deel vun hirem Schoul- oder Aarbechtswee. Dat gouf och bei den Tester beduecht, erkläert d'Responsabel fir d'Communication digitale Simone Hornick. Am August goufe fir dës Tester Leit rekrutéiert, dobäi waren aacht ganz ënnerschiddlech Profiller, déi de System op engem méi klengen Test-Ecran ausprobéiert hunn.

Bei der Presentatioun e Mëttwoch sinn och nach Klengegkeeten opgefall, déi direkt konnte behuewe ginn. Ma allgemeng wéilt ee mam Pilotprojet ebe grad testen, wat ënner Echtzäitbedingunge gutt klappt a wat muss nogebessert ginn, esou de Claude Bisdorff, Responsabel fir den Departement Système an domadder zoustänneg fir d'Technik. "Wichteg ass, dass mir d'Problemer kënne schnellstméiglech entdecken an och behiewen. Dofir si mer op de Leit hire Feedback ugewisen." D'Mailadress dofir ass web@vdl.lu.

Den E-Reider mat zwee Ecranen, wéi hei op der Rocade, kascht e bësse méi wéi 22.000 Euro. Mat engem Ecran läit ee bei ronn 14.500 Euro. Ier awer iwwerall esou digital Supporten opgestallt ginn, wéilt een als éischt de Retour vun de Leit ofwaarden.

De komplette Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg als PDF

Back to Top
CIM LOGO