Optakt Oktav 2022Déi knapp 600 Still an der Kathedral waren um Samschdeg am Mëtteg bal all besat

Lynn Cruchten
Et ass ee wichtegt reliéist Fest an no 2 Joer Pandemie-bedéngten, virtuellen Editioune konnt d’Ouverture vun der Oktav nees "en présentiel" ofgehale ginn.
Den Optakt vun der Oktav
Déi knapp 600 Still an der Kathedral waren um Samschdeg am Mëtteg bal all besat

D’Oktav gëtt jo zu Éieren vun der helleger Jongfra Maria gefeiert. Wärend zwou Wochen wäerten elo nees Gleeweger aus haaptsächlech der Groussregioun bei d’Statue vu Maria pilgeren an un de Massen deelhuelen, déi am Kader vun der Oktav organiséiert ginn. Oktavpriedeger ass déi Kéier de Pater Théo Klein, deen als d’Thema « D’Schéinheet vum Glawen» ausgewielt huet.

“Dat Schéint, dat sprécht eis alleguerten un. An dat Schéint, wa mer wierklech dovu faszinéiert sinn, wa mer vun der Schéinheet ergraff sinn, all Schéinheet féiert ëmmer zur Léift. An d’Quell vun all Schéinheet ass Gott. Gott ass net nëmmen dee Gudden, dee Woueren, mee Gott ass och dee Schéinen. A mir sollen och eppes aus eisem Liewe maachen, dat schéin ass an dat Schéint entdecken an eise mënschleche Relatiounen, an eisem eegenen Häerz. An och de Glawen ass eppes Schéines.”

Den Theo Klein gouf vum Kardinol Jean-Claude Hollerich mat den Oktavpriedegte beoptraagt. Dee war natirlech och am Kader vum Optakt vun der Oktav an der Kathedral an huet de Leit Mutt gemaach, déi wéinst Pandemie a Krich, d’Schéinheet vum Liewen net méi gesinn.

Den Théo Klein gouf vum Kardinol Jean-Claude Hollerich mat den Oktavpriedegte beoptraagt. Dee war natierlech och am Kader vum Optakt vun der Oktav an der Kathedral an huet de Leit Mutt gemaach, déi wéinst Pandemie a Krich, d’Schéinheet vum Liewen net méi gesinn.

“Mer liewen am Fong geholl net méi richteg. Mer liewen esou vun Dag zu Dag. Mee eng déif Freed, eng richteg Freed, déi vermësse mer ganz oft hei zu Lëtzebuerg. An et wier jo schéin, wann déi Oktav dozou dénge géif, dass de Jesus eis d’Aen opmécht, dass mer d’Schéinheet vum Liewe gesinn.”

D’Oktav dauert nach bis den 22. Mee. Parallel dozou op der Place de la Constitution, bei der Gëlle Fra, och den traditionelle Mäertchen.

Back to Top
CIM LOGO