No Brand lescht Woch zu BounewegDéi Lénk: Affer vum Brand hu Recht op Logement vun der Gemeng

RTL Lëtzebuerg
Virun enger Woch hunn de Carlos a seng zwou Schwëstere bei engem Feier alles verluer. Hëllef vum Staat kréie si awer net. Si mussen elo eleng eens ginn.
No Brand zu Bouneweg: Affer solle kee Recht op Hëllef hunn
Virun enger Woch hunn de Carlos a seng 2 Schwëstere bei engem Feier alles verluer. Hëllef vum Staat kréie si awer net. Si mussen elo eleng eens ginn.

De Carlos Tavares erënnert sech drun, wéi wann et gëschter geschitt wier. Wéi seng Schwëster gejaut huet, dass et brennt an d’Nopesch vum leschte Stack Kreesch gedoen huet, well se net erauskoum. De 25 Joer ale Kapverdianer, seng zwou Schwësteren a seng Frëndin stinn ëmmer nach ënner Schock.

Et war d’Nuecht vum 15. op de 16. Juli wéi géint 1.30 Auer Moies e Feier an dësem Bouneweger Café-Restaurant ausbrécht. D’Marcia, dem Carlos seng Schwëster, ass dat éischt, wat d’Feier bemierkt. Voller Panik mécht si hir Famill wakereg. Duerch d’Viischtdier konnte si net. Also si si aus dem éischte Stack aus de Fënstere gesprongen an hunn alles zeréckgelooss.

“Et war... Mir mussen dat vergiessen. Zanterdeem kann ech net méi gutt schlofen. Soubal ech wakereg ginn, denken ech direkt un d’Feier. Mee et hätt kënne méi schlëmm sinn. Ech war bal ageschlof. 10 Minutte méi spéit an et wier méi schlëmm ausgaangen”, sou de Carlos Tavares., deen zënter engem Joer zu Lëtzebuerg lieft a schafft.

Déi Nuecht selwer si si bei hirem grousse Brudder ënnerkomm, deemno hu si net missen an engem Foyer vun der Stad Lëtzebuerg ënnerbruecht ginn. Ma dat war e grousse Feeler, wéi sech duerno erausgestallt huet. D’Famill huet domat nämlech hiert Recht op Hëllef souzesoe verluer.

“Mir waren dunn do a si soten eis: Mir kënnen Iech net hëllefen. Dir hutt eng Aarbecht. Mir waren iwwerrascht. Wat wier mat eis geschitt, wa mir keng Famill hei hätten? Wiere mer dann op der Strooss? A mir schaffen. Dat ass eng gutt Saach. Mir brauchen Hëllef a mir hunn Hëllef vun hei verdéngt. Mee ech si réischt zënter 2 Méint hei. Ech hunn déi Reegel net kannt. Mir wossten net, wéi et leeft. Ech sinn einfach ëmmer nach iwwerrascht”, erzielt d’Mila Tavares, déi eelste Schwëster.

Elo schlofe si bei engem Frënd vun der Famill. Déi eng op der Couch, déi aner op enger Matrass um Buedem. E Relogement ass net a Siicht. Dat huet och seng Grënn, wéi de Sozialschäffe vun der Stad Lëtzebuerg Maurice Bauer erkläert:

“D’Famill huet eis den Ament gesot, dass si eng Léisung dans l’immediat hunn. Duerno si si zeréck bei eis komm, fir dann awer eng aner Wunneng ze kréien, well déi Léisung iwwert déi länger Zäit net schéngt duerzegoen. Do musse mir elo kucken. À Priori hate mir den Ament, wou se elo zeréckkomm sinn, keng Wunneng disponibel. Mir kucken, fir eis nach eng Kéier mat de Leit zesummenzesetzen an dann an Zukunft eng Léisung ze fannen. Mee dat ass eben e Problem, well mir e ganz ugespaante Wunnengsmarché hunn, wou mir och lo net einfach kënne soen: Wéi vill brauch dir der? Mir hu se.”

D’Famill huet dowéinst elo e Spendenopruff am Internet gestart. Heiriwwer krute si och schonn eng Partie Kleeder. Fir d’Geldspende si si awer och immens dankbar. Dermadder wëlle si dann d’Kautioun bezuelen, soubal si eng nei Wunneng fonnt hunn.

Déi Lénk hunn um Donneschdeg iwwer e Schreiwes matgedeelt, datt d’Affer vum Brand e Recht op e Logement hunn an zwar vun der Stater Gemeng. Zënter Abrëll géing d’Stad Lëtzebuerg och een Hotel lounen, dee fir d’Refugiéë vum Krich an der Ukrain virgesi war, quasi awer net besat ass. Iwwerdeems soll d’Gemeng den Affer vum Brand ee psychologesche Support ubidden, sou Déi Lénk

Hei dat offiziellt Schreiwes vun Déi Lénk (28.07.22)

Avec l’incendie du 16 juillet dernier, qui a détruit l’immeuble abritant le café « Métissage » à Bonnevoie et les chambres meublées au premier étage, les gérants du bistrot ont perdu leur existence professionnelle et 7 résidents leur logement.

Les textes législatifs quant au relogement d’habitants manquent d’efficience : on y évoque la responsabilité de l’exploitant ou du propriétaire, et à défaut celle de la commune. Aussi la loi modifiée du 21 septembre 2006 sur le bail à loyer dispose-t-elle de manière non contraignante : « Les administrations communales ont la mission d’assurer dans la mesure du possible le logement de toutes les personnes qui ont leur domicile sur le territoire de la commune. »

En fait, celles et ceux qui perdent leur logement suite à un cas de force majeure, à une expulsion judiciaire (déguerpissement) ou à un manque de salubrité, d’hygiène, de sécurité ou d’habitabilité dépendent de l’engagement de la commune à les prendre en charge. Or cet engagement est étroitement lié à la présence de logements d’urgence – qu’on ne retrouve dans aucun texte légal ou réglementaire et qui sont inexistants dans la très grande majorité des communes.

La Ville de Luxembourg compte effectivement des logements d’urgence et elle est équipée pour reloger les occupants des logements du café « Métissage », également celles et ceux qui se sont rabattus dans une première étape sur une aide privée. Rien n’indique en effet que des personnes à reloger doivent accepter tout de suite la solution proposée par la commune.

La Ville loue depuis le mois d’avril 2022 un hôtel à 28 chambres dont seulement 1 studio est actuellement occupé. Au départ, la Ville prévoyait d’y loger des réfugiés venant d’Ukraine, qui auraient pourtant préféré – nous dit-on - d’être regroupés en centre d’hébergement avec leurs compatriotes. Nous pensons donc qu’il est nécessaire de s’adapter à cette situation et de rendre accessible l’hôtel en question aux réfugiés d’autres pays et à d’autres personnes qui doivent d’urgence être relogées, et notamment aux victimes de l’incendie de la brasserie « Métissage ». Il ne faut pas que des chambres restent vides!

Nous demandons aussi que la Ville offre un service psychologique à ces personnes pour traiter le traumatisme causé par l’incendie.

Au-delà de cet hôtel pris en location par la Ville, qui reste pour le moment en grande partie inoccupé, déi Lénk voudrait relancer la discussion au sujet des logements vides sur le territoire de la Ville de Luxembourg, à commencer avec les logements qui appartiennent à la Ville elle-même.

Nous voudrions souligner que suivant la loi sur le bail à loyer, « le conseil communal peut, par règlement communal, obliger les propriétaires des immeubles et parties d’immeubles non occupés destinés à servir de logement sis sur le territoire de la commune à les déclarer à l’administration communale dans le délai fixé par ledit conseil ». Un tel règlement pourra constituer une étape préalable à une taxation, voire une réquisition temporaire de logements vides.

Luxembourg, le 28 juillet 2022 Communiqué par déi Lénk Stad

Back to Top
CIM LOGO