
Doriwwer streide se sech weiderhin zu Schëffleng, nodeems de Gemengerotsmember Admir Civovic zesumme mat véier anere Leit „Déi Lénk“ verlooss huet. D’Partei schléisst rechtlech Schrëtt op alle Fall net méi aus.
De Conseiller Admir Civovic an e puer aner Membere vun der Lokalsektioun hunn der Partei kuerz no de Walen de Réck gedréit. Als Ursaach ginn ënner anerem eng schlecht Ambiance, Jalousien a keng Kommunikatioun bannent der Sektioun genannt.
D’Sektioun reagéiert: D‘Kommunikatioun war net ganz grouss, well den Här Civovic virun allem duerch Abstinenz geglänzt huet, sou de Raoul Albonetti.
D‘Fuerderung vun „Déi Lénk“ ass kloer: De Sëtz an och d‘Representatioun an der Kommissioun gehéieren der Partei an net de 5 Leit, déi net méi Member sinn.
D‘Gesetzlag a punkto Kommissiounen ass net sou kloer, seet den CSV-Buergermeeschter. Dofir huet de Paul Weimerskirsch bei de Juristen am Inneministère nogefrot an do koum dëst raus: Posten déi gestëmmt gi sinn, sinn net vakant erkläert ginn. Dofir bleiwe se bei deene Leit, déi se Zäitpunkt virun den Austrëtt haten.
De Paul Weimerskirch huet awer och eng Meenung zu deem Ganzen: Mäin demokratesch Versteesdemech seet mer, dat do ass eppes, dat mécht een net.
An dofir géing hien déi Lénk och recommandéieren, den Dossier bei d‘Verwaltungsgeriicht ze ginn. Genee dat envisagéiert ee bei déi Lénk och, well een d’Gesetzlag anescht interpretéiert ewéi den Interieur.
De Marc Baum: Eis Lecture ass kloer. Wa mir e Recht hunn, Leit ze proposéieren, dann hu mir och d‘Recht se ze revoquéieren.
An dat wäerte mer, wann et muss sinn, virum Tribunal administratif akloen.
Den Admir Civovic an d‘Representanten aus de Kommissiounen, déi aus der Partei ausgetruede sinn, hale sech un d‘Interpretatioun vum Inneministère a wëllen net demissionéieren:
Mir wëlle konstruktiv an deene Kommissioune mat schaffen. Et kann een eis zu näischt zwéngen. D‘lescht Woch hate mer virgefäerdegt Demissiouns-Bréiwer an der Boîte vun Déi Lénk Schëffleng. Mir hunn absolut net agesinn, wisou mer dat sollte maachen.
Den Admir Civovic ass bis ewell iwwregens net bei eng aner Partei gewiesselt, mä siegéiert als onofhängege Member an der Schëfflenger Märei.