
Fir déi Lénk ass et inacceptabel a geféierlech, Truppen an de Mosambik ze schécken. Aktuell lafe Gespréicher op europäeschem Niveau a Lëtzebuerg hätt säin Accord scho ginn, fir Militär an dat ostafrikanescht Land ze schécken.
Dat, well am Norde vum Land islamistesch Milizen Uertschaften attackéiert hunn an an där Géigend déi franséisch Pëtrolsfirma Total Installatiounen a Projeten huet. D’Lëtzebuerger Bedeelegung un enger Missioun am Mosambik wier, fir Truppen do ze trainéieren.
Déi Lénk mengen, dat wier den éischte Schrëtt, iert d’Missioun géing verstäerkt ginn. D’Oppositiounspartei fënnt et onverständlech, datt d’Regierung fir d’Exploitatioun vu fossiller Energie an d’grousst Kapital wéilt militäresch ënnerstëtzen.