SchëfflengDéi Lénk sinn enttäuscht, datt se hire Posten am Gemengerot verléieren

Monica Camposeo
D'Partei hat am Juni 9,8 Prozent vun de Stëmme bei de Gemengewalen zu Schëffleng kritt.
Kaméidi zu Schëffleng
Déi Lénk sinn enttäuscht datt se hire Posten am Gemengerot verléieren

Den Admir Civovic, deen als Zweetgewielten d’Mandat ugeholl hat, huet elo decidéiert, bei déi Lénk ze demissionéieren an als onofhängege Vertrieder am Schëfflenger Gemengerot ze bleiwen. Anengems hëlt hien awer erëm eng Parteikaart bei der LSAP, do war hie Member, ier hien déi sozialistesch Partei virun de Wale verlooss hat, fir op der Lénker Lëscht ze kandidéieren.

Déi Lénk zu Schëffleng - Reportage Dany Rasqué

Den Admir Civovic ass net deen Eenzegen, deen demissionéiert, mä ee vu 5. Hie seet, hie géif sech bei der LSAP mënschlech méi wuel a besser opgehuewe fillen. An där neier Sektioun vun déi Lénk wier et dogéint mat deem engen oder anere schwiereg: “Et war keen Ekippegeescht do. Et war keng richteg Zesummenaarbecht do. Et war an eisen Aen eng Gehässegkeet an eng immens Jalousie.”

Déi Lénk hätte gär hire Sëtz erëm an ënnersträichen, datt den Admir Civovic op “hirer Lëscht” gewielt gouf. Dee kontert, datt déi Lénk zu Schëffleng ouni hien an déi aner Leit, déi elo demissionéieren, ni eng Lëscht zesummekritt hätten.

De Spriecher vun déi Lénk, de Gary Diderich kann dat villt Gewiessels net novollzéien: “Et wier nozevollzéie gewiescht, an esou hu mer et och deemools verstanen, datt hien Differenze mat der LSAP hat. Dass e méi eng lénk Positioun wollt vertrieden. Dat war nozevollzéien, mä dat stelle mer awer elo e bëssen a Fro, well wann een esou séier erëm op déi aner Säit wiesselt an ni Differenzen ugeschwat huet. Ni ass iergendeng Differenz, weder perséinlech, nach programmatesch ugeschwat ginn, da kann ee sech d’Fro stellen, ob et wierklech ëm Politik geet.”

Den Éischtgewielten op der LSAP-Lëscht, de Carlo Feiereisen, versteet d’Enttäuschung vun déi Lénk, betount awer och, datt seng Partei näischt fir dëse Wiessel kann: “Mir haten näischt domadder ze dinn. Et koum aus fräie Stécker vum Här Civovic. Mir hunn him näischt ugebueden, hien ass bei eis komm. Hien huet gefrot an eis Gremien hunn decidéiert, hien opzehuelen. Net méi an net manner.”

Un de Majoritéitsverhältnisser am Schëfflenger Gemengerot ännert dës Situatioun näischt an d’LSAP ënnersträicht, datt se och keng Auswierkungen op hir gutt Zesummenaarbecht mat der CSV hätt. Déi zwou Parteien deele sech de Buergermeeschterposten.

Back to Top
CIM LOGO