
D’Schëfflenger LSAP huet an engem Schreiweskloer gestallt, dass d’Sektioun net fir de Parteiaustrëtt responsabel ass, och wann dat vun Déi Lénk ënnerstallt gi wier. Den Här Civovic hätt eng schrëftlech Demande gemaach an déi wier no internen Iwwerleeungen a Reuniounen ugeholl ginn. D’Decisioun vum Här Civovic hätt hien ouni hiert Wëssen oder Afloss vun der LSAP geholl.
Da wollt d’LSAP och kloer stellen, dass den Admir Civovic an Zukunft als Onofhängegen am Gemengerot weiderschaffe wäert an d’LSAP krit och kee Sëtz bäi, mat engem Member méi. Et hätt och keng Konsequenze beim Zesummeschaffe mat der CSV.
RTL News: Schëfflenger Conseiller vun Déi Lénk Admir Civovic trëtt aus der Partei aus