
Domadder wäert den Indice des Prix de Seuil vun 964,64 Punkten depasséieren, sou dass eng nei Indextranche declenchéiert gëtt. D’Paien an d’Pensioune klammen deemno am Februar ëm 2,5 %.
Den 1. Abrëll erfält jo dann eng weider Indextranche. Op Basis vun enger Tripartitesdecisioun war dës jo vum Fréijoer zejoert op dëst Joer verréckelt ginn.
Bei der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft OGBL begréisst een d’Annonce, datt d’Salariéë vum Februar u méi an der Paie solle kréien.