De Statec am aktuelle "Conjoncture Flash"Déi nächst Indextranche kéint éischter erfalen ewéi erwaart

RTL Lëtzebuerg
Dës kéint nach dëse Mount declenchéiert ginn oder awer am September, sollt d'Präisdeierecht am August ënnert 4,06% bleiwen.

D’Repercussioun op d’Paitut, also d’Hausse vun 2,5% um Salaire, spiert een dann de Mount drop. Bis ewell goung Rieds, datt déi nächst Tranche warscheinlech am September oder Oktober géing declenchéiert ginn.

Den aktuelle Previsiounen no kéinten d’Salairen dann am drëttem Trimester d’nächst Joer eng weider Kéier un d’Inflatioun ugepasst ginn.

De Statec bleift iwwerdeems bei de Previsiounen a punkto Inflatioun vun an der Moyenne 3,9% dëst Joer a vun 2,5% d’nächst Joer.

D’Confiance vun de Firme läit ënnert europawäiter Tendenz vun enger Stagnatioun

Dat gëllt fir d’Eurozon wéi fir Lëtzebuerg. Betraff sinn d’Zerwisser, d’Industrie an d’Konstruktioun.

Notamment um Lëtzebuerger Bau wier d’Moral aktuell um Déifpunkt, méi wéi an aneren europäesche Länner. Am Juli hunn en Drëttel vun den Entreprisen am genannte Beräich sech iwwer ze wéineg Demande beklot.

D’Hausse vum Chômage am Grand-Duché géing sech confirméieren, och hei dréit d’Konstruktioun hiren Deel dozou bäi.

Back to Top
CIM LOGO