E futuristesche Behälter, deen de Gemengenaarbechter u sech d'Aarbecht vereinfache soll.
Ufanks war d'Gemeng skeptesch, wat hir nei Poubellen ugaangen ass. Erkennen d'Leit, wat do steet oder gi se éischter aus der Distanz entdeckt? D'Poubellen hiewen an ausschëdden, dat gehéiert elo der Vergaangenheet un. Am grousse Ganzen sollen d'Aarbechter geschount ginn.

Zanter engem Joer sinn dës Bubble Poubellen, wéi se genannt ginn, an enger Testphas, déi fir d'Gemeng bis ewell gutt ukomm ass.
Robust Material ass prioritär, virun allem géint Vandalismus. A vläicht freet deen een oder anerem sech no engem Joer net méi, wat dës futuristesch Bull wuel do um Buedem verluer huet.