D'Doku-Serie begleet 7 Personnagen, déi ganz ënnerschiddlech Profiller hunn an aus ënnerschiddleche Beräicher kommen. Jiddereen huet seng Geschicht — Si gi begleet an enger Phas vun hirem Liewen, wou si eng Verännerung erliewen. Sief et no engem schwéiere Schicksalsschlag, op der Sich no enger zweeter Chance am Liewen oder woen een Neiufank.
“Et waren immens vill Momenter dobäi, déi mech emotional ganz staark beréiert hunn”, esou d’Julie Thilges, eng vun de Journalistinnen, déi hannert dem Konzept “Schrëtt fir Schrëtt” stinn. “Et huet mech och beréiert, dass déi Persounen, déi beim Projet matgemaach hunn, eis vertraut hunn a bereet waren hir Geschichten ze deelen. Eleng dat fuerdert Courage.”
Viru bal engem Joer ass de Projet eng éischte Kéier lancéiert ginn an iwwer 6 Méint huet eng RTL-Ekipp déi eenzel Persoune begleet bei hire verschiddene Statiounen an Erausfuerderungen. “De Projet war immens intensiv”, erënnert sech d’Julie Thilges. “Et war eng Erausfuerderung fir d’Persounen iwwert esou eng laang Zäit ze begleeden an dann och déi richteg Momenter anzefänken.”
All Donneschdeg wäert een elo e weidert Puzzlestéck vun dëse Geschichte kucke kënnen. D’Follge bauen openeen op, et komme pro Episod e puer Personnage vir. Esou kann ee Stéck fir Stéck — Schrëtt fir Schrëtt — déi verschidde Geschichte kucken.
"Wir wollten nah an den Menschen sein und auch die kleinen Emotionen und Momente einfangen“, erkläert de Loïck Boulet, dee responsabel fir dat visuellt Konzept war. „Das bedeutete manchmal auch, die Kamera einfach fünf Minuten länger laufen zu lassen. Denn oft waren es genau diese Momente, in denen die Personen die Kamera langsam vergessen haben, sich etwas mehr öffnen konnten und sehr ehrliche Situationen entstanden sind."

"Mein größter Wunsch ist, dass wir den sieben Personen mit dieser Serie ein Stück weit dabei helfen können, gesehen und gehört zu werden,“ esou de Loïck Boulet. „Und ich hoffe natürlich auch, dass die Serie Menschen erreicht, die selbst gerade eine schwierige Zeit durchleben oder vielleicht etwas Ähnliches erlebt haben. Wenn sie sich in manchen Momenten wiedererkennen und die Serie ihnen ein bisschen Mut geben oder das Gefühl vermitteln kann, mit dem was sie gerade erleben, nicht allein zu sein, dann würde mir das sehr viel bedeuten."
“Jiddereen huet säi Pak ze droen ouni dass en onbedéngt no bausse siichtbar ass. Et ass eng gutt Erënnerung dorunner fir Mënsche mat méi Empathie ze begéinen”, ënnersträicht d’Julie Thilges.
Dësen Donneschdeg kënnt déi éischt Folleg op der Tëlee, um RTL Play wäert een awer schonn déi éischt dräi Episode kucke kënnen.