Dofir huet och Lëtzebuerg sech virgeholl, de Liichtsmog ze reduzéieren. D’Anne Wolff huet sech ugekuckt, wéi dat an der Praxis ëmgesat gëtt an huet séier misse feststellen, dass déi richteg Beliichtung eng Gratwanderung tëscht verschiddenen Intressien ass.
Kuckt ee sech sougenannte Light-Pollution-Kaarten un, gesäit een, dass Europa eng eenzeg Luucht ass. Dat huet en Afloss op all déi nuetsaktiv Déieren, warnt Natur an Ëmwelt. Insekte fléie ronderëm d’Luucht a stierwen un Ermiddung, verschidde Flantermais kommen duercherneen, Zuchvigel komme vun hirem Wee of.
Natur an Ëmwelt plädéiert dofir scho méi laang fir eng Reduktioun vun der Luucht. Et misst ee sech iwwerleeën, ob beispillsweis Geschäfter a Monumenter mussen nuets beliicht sinn. Scho viru Jore gouf dofir eng Zort “Leitfaden” fir gutt Liicht zesumme mam Ëmweltministère ausgeschafft, ma trotzdeem wier zu Lëtzebuerg - besonnesch am Süden an an der Stad - nach Loft no uewen.
Manner a méi geziilt beliichte wier hei d’Léisung, zum Beispill mat intelligente Luuchten, déi uginn, wa se gebraucht ginn.
Esou e System gëtt aktuell zu Diddeleng getest. Dat ass allerdéngs op den éischte Bléck net fir de Mënsch z’erkennen: An der Rue Reiteschkopp sinn d’Stroosseluuchten op 40 Prozent gedimmt. Wann e Gefier laanscht kënnt, gëtt et an enger Zort Liichtbloos agefaangen, dat heescht progressiv ginn d’Luuchte virum Gefier eropgefuer an hannendrun erëm erofgedimmt.
Sou géif een 80 Prozent Energie spueren, erkläert de Luc Schmit, CEO vu WeThink, deen déi Luuchten entwéckelt huet. Ausserdeem kéint ee mat där der richteger Software souguer Accidenter feststellen an de Verkéier moossen.
An och an der Stad lafen Tester mat Beweegungsmelder, mat extra rouden LED-Luuchten. Fir Insekten an déi meeschten aner Déieren ass dat nämlech déi Faarf, déi se am mannste stéiert. Am Ausland si se dofir op de Wee gaangen, esou däischter-rout Luuchten a verschiddene Quartieren z’installéieren.
Eng flächendeckend Léisung fir d’Stad wäert dat awer net sinn, erkläert de Pascal Van Dyck, Chef de Service vum Eclairage public an der Stad. Duerch déi rout Faarf wier et schwéier, Gesiichter a Faarwen z’erkennen, wat net gutt fir d’Sécherheetsgefill ass. Ausserdeem géifen déi rout LED-Luuchte méi Energie verbrauche wéi déi traditionell orange Stroosseluuchten, déi sougenannten Natrium-Héichdrock-Luuchten.
Luucht maachen, dat ass eng relativ komplex Aufgab, erkläert de Pascal Van Dyck. Wéi wou a wat beliicht gëtt, do ginn et engersäits EU-Reglementer, un déi ee sech muss halen. Anersäits ass et eng Fro, wat an deem betreffende Beräich Prioritéit huet. Et ass e Kompromëss tëscht Ëmwelt, Sécherheet, an Energieeffizienz. Am Leitfaden vun Natur an Ëmwelt sinn Ultraviolett a Blo déi Faarwen, déi all Déier evitéiere soll.
D’Faarftemperatur gëtt a Kelvin gemooss. Graff gesot: jee méi UV-a Blodeeler eng Luucht huet, desto méi Kelvin huet se. An de Wunnquartiere vun der Stad rëscht een aktuell op sougenannte waarmwäiss LED’en ëm, mat enger Faarftemperatur vun 3.000 Kelvin. Dat ass dee Wäert, dee vum Ëmweltministère conseilléiert gëtt. “Generell liicht eng LED jo am blo-wäisse Beräich. Fir dass dat elo eng waarmwäiss Luucht gëtt, kënnt eng Schicht drop. Wat déi Schicht awer méi deck gëtt, wat d’Luucht manner effizient gëtt. Dofir sinn déi waarmwaäiss LED’en e gudde Kompromëss”, erkläert de Pascal Van Dyck.
Bei der Péitruss géif een da mat nach méi waarme Luuchten beliichten, sougenannten Amberlights. Déi wieren dann awer rëm net energieeffizient.
Dass déi nei Luuchten an de Wunnquartieren engem elo méi hell virkommen, wéi déi Orange, léich dorun, dass d’Ae kee Moossinstrument wier. D’Liichtstäerkt wier bei den zwou Luuchten d’selwecht, mee dat mënschlecht A géing wäiss Luuchten als méi hell gesinn, wéi oranger.
Duerch d’LEDen géif een 30-40 Prozent Energie bei der selwechter Hellegkeet spueren, och wëll een d’Luucht méi geziilt asetze kënnt a wierklech just d’Voie publique beliichte géif. Ausserdeem kënnen déi nei Luuchten iwwer Sensoren op dimmbar Smartlights nogerëscht ginn, e Spuerpotenzial vun nach eemol 20 Prozent. An och dës Luuchte kéinte mat der richteger Technik zum Beispill den Trafic iwwerwaachen.
Ob, wéini, an a wéi engem Ausmooss awer schlussendlech beliicht an iwwerwaacht gëtt, dat bleift d’Decisioun vun der Politik.