Invité vun der Redaktioun (18. Oktober) - André RoeltgenDéi sozial Komponent muss an de Koalitiounsaccord mat afléissen

RTL Lëtzebuerg
Dat war d'Fuerderung en Donneschdeg de Moie vum OGBL-President André Roeltgen am RTL Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: André Roeltgen
Déi sozial Komponent muss an de Koalitiounsaccord mat afléissen, sou den André Roeltgen vum OGBL.

Et goung drëm, den Ausgang vun de Walen aus Siicht vun der Gewerkschaft ze analyséieren.

Hien hätt d'Aarbecht vun der viregter Regierung scho positiv bewäert, trotz e puer Bemolen, a géif och elo bei där Ausso bleiwen, sou den André Roeltgen.

Wat d'Koalitiounsverhandlungen uginn, war et den Appell vum President vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, dass d'Diskussiounen an dem Esprit gefouert ginn, wéi Dräierkoalitioun bis ewell och zesumme geschafft huet. Wichteg wier eng Kontinuitéit op ville Punkten, déi net dierften a Fro gestallt ginn.

Ee wichtege Punkt wier, dass di sozial Ongläichheeten erof gesat ginn. Den André Roeltgen huet op en neits gefuerdert, dass de Mindestloun ëm 10% an d'Luucht gesat gëtt! D'Produktivitéit hei am Land misst méi gerecht verdeelt ginn. Och déi ënnescht Lounschichte missten dovu kënne profitéieren.

Den André Roeltgen

Weider war et de Appell un déi nächst Regierung, dass d'Kollektivverträg hei am Land méi musse gefërdert ginn, ëmmer méi Leit géifen net an de  Genoss vun engem Kollektivvertrag kommen an do missten Akzenter gesat ginn, sou den OGBL President um Donneschdeg de Moien op eiser Antenne. Hien ass och der Meenung, dass eng weider Steierreform méiglech ass, awer net an déi falsch Richtung. Et wier een d'selwecht wéi déi Gréng an LSAP kloer géint eng weider Baisse vun der Betribsbesteierung. Elo géif et drëms goen, bei de personne physique fir méi Steiergerechtegkeet ze suergen.

Dat war d'Fuerderung en Donneschdeg de Moie vum OGBL-President André Roeltgen am RTL Interview. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO