Maniff géint de KrichDéi ukrainesch Communautéit ass extrem besuergt

Diana Hoffmann
D’Suerg vun der ukrainescher Communautéit zu Lëtzebuerg ass grouss. Ma et well een net nëmmen nokucken, mee Solidaritéit mat der Bevëlkerung weisen.
Ukrainesch Communautéit ass extrem besuergt
D’Suerg vun der ukrainescher Communautéit zu Lëtzebuerg ass grouss. Ma et well een net nëmmen nokucken, mee Solidaritéit mat der Bevëlkerung weisen.

Eng vun der Associatioun “L’Ukraine” geplangte Maniff, déi eigentlech fir e Samschden ugeduecht war, ass spontan um Donneschdeg de Mëtten op der Place Clairefontaine aberuff ginn. Knapp 300 Leit ware komm. Mam Slogan “Stop Putin, Stop War” sinn d’Manifestante vun der Place Clairefontaine beim Staatsministère och op engem klengen Tour duerch d’Stad gezunn. Op hire Plakater war ënner anerem ze liesen, datt de Krich muss gestoppt ginn, de Putin d’Fangere vun der Ukrain soll loossen an datt d’Ukrain soll resistéieren. Vill Leit waren an den ukrainesche Fändel gewéckelt an et war eng gewësse Verzweiwlung an der Loft ze spieren. E puer Leit louche sech an den Äerm an hu gekrasch. Eng surreal Situatioun an der Ukrain, och a besonnesch fir Leit, déi Famill do hunn.

“Meng Stad ass haut bombardéiert ginn. Meng Boma huet mer gesot, datt d’Fënstere vun hirem Haus vibréiert hätten. Ech sinn immens traureg. Ech kann net verstoen, wéi esou eng Situatioun ka vun der Welt akzeptéiert ginn”, temoignéiert eng jonk Ukrainerin, déi säit e puer Joer zu Lëtzebuerg schafft.

D’Leit op der Maniff probéiere sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen. D’Geschichten, déi si erziele sinn emouvant a gläiche sech zum Deel. Ee Mann erzielt, datt d’Meedche vu sengem Cousin sech ëm d’Organisatioun vun der ziviller Resistenz géing këmmeren. E Grupp vu Fraen, Männer a Jugendlecher wéilten d’Land verdeedegen. D’Suerg ass grouss.

Eng jonk Fra fäert och ëm hir Famill: “Meng Famill ass a Gefor. Si si just eng Stonn mam Auto vu Russland ewech. Ech maache mer esou vill Suergen. Ech hunn eng kleng Schwëster vu 9 Joer. Se war haut net an d’Schoul an huet Angscht. Meng ganz Famill huet Angscht. Mäi Papp wëll zur Waff gräifen an an de Krich goen”

De Schock sëtzt déif. De Weste wier blann gewiescht a lo wier et zu der Attack komm, sou e Mann op der Maniff. Elo muss eppes geschéien, seet och de President vun der Associatioun “L’Ukraine”, den Nicolas Zharov. Et wier un all de Leit, den Europäer an der ganzer Welt, fir deen néidegen Drock opzebauen, datt dee Krich ophält. D’Ukrain bräicht militäreschen, finanziellen an humanitäre Support. Ma och op mënschlecher Basis huet een d’Hoffnung net opginn. Sou waren och an der Mëttesstonn net just Ukrainer spontan laanscht komm. Och Russen haten sech ënnert d’Manifestante gemëscht. Et ass déi Solidaritéit, op déi d’Ukrainer elo hoffen.

Ech wënsche mer, datt d’russesch Bevëlkerung opsteet an eppes mécht. Näischt soen an dësem Moment a sou enger Situatioun, ass net ze akzeptéieren”, seet eng jonk Fra mat ukraineschem Fändel. “Mir wëlle sinn, wie mir sinn. Mir sinn Ukrainer. An iwwerall ginn Ukrainer op d’Strooss, fir ze weisen, datt se wëllen onofhängeg sinn”, ergänzt hir Frëndin.

Back to Top
CIM LOGO