Ofstëmmung an der ChamberDéi zwee zousätzlech fräi Deeg goufen unanime ugeholl

Claudia Kollwelter
D'Chamber huet de Mëttwoch de Mëtteg iwwert ee weidere legale Congésdag ofgestëmmt.
© Chambre des députés4

D'zousätzlech Congésdeeg goufen de Mëtteg unanime an der Chamber ugeholl. Domat wäerten déijéineg, déi bis ewell 25 Deeg Congé haten, e weideren Dag dobäi kréien.

Donieft kënnt den 9. Mee als Europadag als neien offizielle Feierdag dobäi. Déi läscht Erhéijung vu minimalen Congésdeeg war iwwregens 1975

"Mission accomplie - pari gagné", sou déi éischt Reaktioun e Mëttwoch vum Aarbechtsminister Dan Kersch op Facebook, nodeems d'Chamber déi zwee zousätzlech fräi Deeg ugeholl hat. Den 9. Mee, den Europadag, ass vun dësem Joer un een offizielle Feierdag an de legale Mindestcongé klëmmt vu 25 op 26 Deeg. Den zoustännege Minister huet nach eemol drop higewisen, dass vum Aschreiwen an den LSAP-Wahlprogramm, et war dat am Juli 2018, bis haut, den Dag vun der konkreter Ëmsetzung, net emol 1 Joer vergaange wier. Enn Januar hat den Dan Kersch de Gesetzprojet an der Chamber deponéiert, fir dass déi zwee supplementär fräi Deeg schonn dëst Joer kéinten a Kraaft trieden.

Ee weidere Sujet de Mëttwoch de Mëtteg um Ordre du Jour um Krautmaart ass de Projet Google zu Biissen. Et geet an der Haaptsaach ëm d'Repercussiounen, déi dëse Projet op d'Ëmwelt huet. Des Aktualitéitsstonn gouf vun der CSV ugefrot.

Back to Top
CIM LOGO