
An der Nuecht op en Donneschdeg ass en däitsche Chauffer op der A6 bei Sterpenich, direkt hannert der belscher Grenz, mat senger Camionnette ongebremst an e Camion geknuppt, dee wéinst engem éischten Accident do am Stau stoung. De Mann ass nach op der Plaz gestuerwen.

E weideren déidlechen Accident gouf et um CR160. E Mëttwoch kuerz virun 18.30 Auer krute sech tëscht Diddeleng an dem franséische Suuftgen en Auto an e Moto ze paken. De 47 Joer ale Motocyclist aus dem franséische Grenzgebitt huet d’Kollisioun net iwwerlieft. Op Uerder vum Parquet gouf d’Spueresécherung op d’Plaz geruff a béid Gefierer saiséiert.
