
Weider heescht et am Bulletin vun der Police, datt och e Cyclist an den Accident verwéckelt war. Dëse wier gefall an hätt sech dobäi liicht blesséiert.
De 36 Joer ale Motorradsfuerer dogéint ass, nodeem hie mam Luuchtepotto kollidéiert war, nach op der Plaz gestuerwen. De Parquet hat de Miess- an Erkennungsdéngscht op d’Plaz geschéckt, fir déi genau Ursaach vum Accident ze ënnersichen.