Auto géint CamionDéidlechen Accident op der A1, Mann vun 39 Joer huet net iwwerlieft

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op en Dënschdeg gouf et op der Autobunn A1 Richtung Stad en Accident mat déidleche Suitten. Eng Persoun schwieft nach a Liewensgefor.
© Police

Den Accident war kuerz virun 3 Auer op der A1 tëscht dem Potaschbierg a Fluessweiler. E Camion an en Auto krute sech aus bis ewell ongekläerter Ursaach ze paken.

De Bäifuerer aus dem Auto, e Mann vun 39 Joer vun Esch, sollt den Accident net iwwerliewen. De Chauffer gouf liewensgeféierlech blesséiert. Dem Camionschauffer ass éischten Informatiounen no näischt geschitt.

D'Autobunn war vum Potaschbierg u gespaart bis 8.20 Auer, eng Spur gouf deen Ament nees fir den Trafic opgemaach. Kuerz virun 9.30 Auer ware béid Fuerbunne nees op.

E gréissere Stau an deementspriechend Perturbatiounen op den Alternativstrecke waren net z'evitéieren. De Stau vun 12km huet sech nëmme lues opgeléist.

Opfaart op d'A1 gespaart
Opfaart op d'A1 gespaart
© Domingos Oliveira / RTL

Zwou Ambulanze vu Mäertert, eng vun Iechternach, de SAMU aus der Stad, grad ewéi d'Asazzentere vu Mäertert a vu Manternach sinn op d'Plaz geruff ginn.

Och de Miess- an Erkennungsdéngscht war am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO