CR308Déidlechen Accident tëscht Gréiwels a Kietscht, Auto a Bam gerannt

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend géint 23.30 Auer krut tëscht Gréiwels a Kietscht en Automobilist ee Bam ze paken. De Bäifuerer ass op der Plaz gestuerwen.
© Domingos Oliveira

D'Gefier gouf duerch d'Kollisioun op déi aner Säit vun der Strooss geschleidert. De Bäifuerer hat de Crash net iwwerlieft.

De Chauffer war allerdéngs net méi präsent, wéi d'Rettungsequippe komm sinn. Hie gouf vun der Police am Bësch gesicht a géint 3 Auer ermëttelt. Den Alkoholtest war positiv. De Mann gouf verhaft a kënnt virun den Untersuchungsriichter.

VIDEO: Déidlechen Accident tëscht Gréiwels a Kietscht
Onkommentéiert Bildmaterial

Back to Top
CIM LOGO