Police bestätegtDéidlechen Accident tëscht Ischpelt an Hëpperdang (CR339)

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 21.20 Auer ass tëscht Ischpelt an Hëpperdang en Auto an e Bam gerannt. Den 18 Joer jonke Chauffer vun Ëlwen huet net iwwerlieft.
© Domingos Oliveira

En hat aus bis ewell ongekläerter Ursaach d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat der Bäifuerersäit an e Bam gerannt. Fir de jonke Mann sollt all Hëllef ze spéit kommen. De Parquet huet eng Autopsie ordonéiert.

Nieft dem Ettelbrécker Samu waren och Ambulanze vun Ëlwen an Housen op der Plaz, grad ewéi d'Pompjeeë vu Clierf an Housen.

Back to Top
CIM LOGO