
D’Déif hu sech tëscht 0.30 Auer a 7.20 Auer Zougang zum Haus verschaaft, wärend d’Bewunner uewenop geschlof hunn. D’Täter haten eng zum Deel erofgeloosse Rolllued eropgedréckt an hunn d’Fënster ageschloen, fir an d’Haus ze kommen. Si hunn dunn d’Raimlechkeeten am Rez-de-chaussée duerchsicht a hunn eng Rei Wäertsaache matgoe gelooss.
Zu Stroossen gouf en Donneschdeg de Moien tëscht 7.30 an 13.20 Auer an een Haus an der Rue Ignaz Semmelweis agebrach. Och hei hunn déi Kriminell eng Rei Wäertgéigestänn, dorënner Bijouen, matgeholl. D’Déif waren hannert dem Haus duerch d’Kichendier agebrach.
A béide Fäll gouf eng Plainte gemaach, Spuere goufe geséchert an et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet. Weider Informatiounen dozou, wéi ee sech am beschte géint Abréch schützt, fënnt een hei um Internetsite vun der Police.