Zu SchengenDéif no Abroch an Hotel zu Pärel gepëtzt
RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moien huet déi däitsch Police de Lëtzebuerger Kolleegen en Abriecher gemellt, deen no engem Abroch zu Pärel a Richtung Schengen geflücht war.
Am Kader vun der Sich hunn d’Beamten de Mann ënnert der Autobunnsbréck fonnt a festgeholl. Bei der Kontroll vum Abriecher gouf e geklaute Portmonni séchergestallt.
Op Uerder vum Parquet koum de presuméierten Abriecher an de Centre de rétention.