
Dee Plang ass allerdéngs net opgaangen - aner Passagéier hunn den Déif dovunner ofgehalen an hie festgehalen, bis d’Police koum. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl an e Sonndeg de Moien dem Untersuchungsriichter presentéiert.
An engem weidere Virfall an der Stad gouf der Police an der Nuecht op e Sonndeg géint 3.45 Auer een Abroch an een Auto an der Rue des Bains gemellt. De presuméierten Täter hat dobäi d’Fënster vum Won ageschloen a Wäertgéigestänn geklaut. Wou de presuméierten Täter kuerz drop an der Rue Goethe dobäi gesi gouf, wéi hie probéiert huet an ee weideren Auto anzebriechen, gouf e vun de Beamte gestallt. Déi geklaute Géigestänn aus dem éischten Auto konnte séchergestallt an dem Besëtzer zeréckgi ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Déif festgeholl.