Fräie Lëtzebuerger BauereverbandDéifgräifende Wëssensdefizit iwwert d'Landwirtschaft an der Politik

Fanny Kinsch
Dat Phenomen géing ee queesch duerch d'Parteien, ma virun allem bei de Regierungsparteie gesinn, sou d'Federatioun en Donneschdeg op enger Pressekonferenz.
© René Pfeiffer / RTL

"Et gëtt en déifgräifende Wëssensdefizit an der politescher Landschaft iwwert d'Landwirtschaft", sou de FRäie Lëtzebuerger Bauereverband.

FLB - Klima a Biodiversitéitsverloscht / Rep. Fanny Kinsch

Et wier awer net nëmmen an der Politik, och an der Gesellschaft géingen et vill falsch Konzeptioune vun der Landwirtschaft ginn, sou den Aloyse Marx, President vum FLB. D'Leit géingen zum Beispill mengen, datt et fir d'Akommes vun de Baueren a fir d'Klima am beschte wier, virop fir de lokale Maart ze produzéieren. Dat wier awer net sou an et hätt een och nach keen deementspriechend Konzept gesinn.

"Speziell an der Klimaschutzstrategie, fir déi ze erwänen, sinn et grad d'Mëllechbetriber, déi aktuell ganz innovativ sinn a souguer méi innovativ, wéi den nationale Klimaschutzplang. An deem Sënn, dass se hir ganz Mëllechproduktioun no engem Standard ausriichten, wou et haut scho méiglech ass, dass se hiren CO2-Foussofdrock kennen an op Basis dovun eng Strategie hunn, wéi se deen an den nächste Jore verbessere wäerten."

De Fokus op den nationalen a regionale Maart géing och déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik a Fro stellen.

Guer net d'accord dann ass de Fräie Bauereverband mam Nohaltegkeetsrot. Bei deem senger Analys iwwert de Biodiversitéitsverloscht géing ee sech Froen iwwert d'wëssenschaftlech Beweiser stellen, seet de Jürgen Albers vum FLB.

"Zum Kontext vun der Mediekommunikatioun vum Nohaltegkeetsrot kann ee soen, dass et eng politesch motivéiert Aktioun ass am Kader vun der aktueller GAP-Reform an et gëtt probéiert, fir do e Paradigmewiessel erbäizeféieren, dat heescht u sech d'Bedeitung vun der Liewensmëttelproduktioun gëtt ëmmer nees zeréckgesat an d'Bedeitung vun de Biodiversitéitsmoossname ginn ëmmer nees eropgesat. Dat heescht, et geet u sech ëm eng Verdeelung vu Gelder, wou wien ënnerstëtzt soll ginn."

Dobäi géing vergiess ginn, datt d'Landwirtschaft zu der Biodiversitéit géing bäidroen.

"Et ass jo andeems datt d'Felder bewirtschaft ginn an datt d'Béischten an de Wise lafen, dass mir eng gewësse Biodiversitéit an de leschte Jore kreéiert hunn. Wann d'Landwirtschaft net méi produzéiert, wäerte mer an engem kuerzen Zäitraum nees iwwerall Bësch hunn an nees eng ganz aner Biodiversitéit kréie wéi elo."

An den Ae vum Fräie Bauereverband géing och net genuch iwwert aner Ursaache vum Aarteverloscht geschwat ginn - dorënner Urbaniséierung, elektromagnéitesch Stralung a Klimawandel.

Back to Top
CIM LOGO