
Géint 18 Auer en Dënschdegowend krut d'Police en Déifstall an engem Butek an der Rue du Fort Neipperg am Garer Quartier an der Stad gemellt. E Mann huet hei eng Partie Saache geklaut. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Mëttwoch virun den Untersuchungsriichter.
Kuerz no 1 Auer e Mëttwochmoie krut d'Police en Abroch an e Gefier an der Rue Mercier an der Stad gemellt. Hei gouf éischten Erkenntnisser no e Laptop geklaut. Op der Plaz konnten d'Beamte vun der Police zwou verdächteg Persoune stellen. Eng vun hinne gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
E Mëttwoch krut d'Police en Abroch an engem Appartement an der Rue de Mühlenbach an der Millebaach an der Stad gemellt. Den éischten Erkenntnisser no huet de Brigang hei wuel d'Schlass vun der Dier opgebrach, fir an d'Wunneng eran ze kommen. Wéi hie bis banne war, huet hien e puer Bijoue geklaut.
Et gouf e Protokoll erstallt an eng Enquête opgemaach.
E Mëttwochowend gouf d'Police dann zu Esch an d'Rue d'Audun geruff. Hei huet e Mann de Baussespigel vun engem Gefier beschiedegt an enger Fra den Handy aus dem Grapp gerappt. Duerno ass hie fortgelaf. De presuméierten Täter konnt allerdéngs no enger kuerzer Sich an der Rue de Luxembourg gestallt ginn. Wéi hien d'Policebeamten erbléckt huet, huet hien nach versicht ze flüchten. D'Beamte konnten hien awer stoppen. D'Fra krut hiren Handy zeréck.
Och hei goufen déi entspriechend Protokoller geschriwwen an et gouf eng Enquête opgemaach.
Da krut d'Police nach eng Partie Déifställ aus der Nuecht op en Donneschdeg gemellt:
Géint Hallefnuecht krut eng Fra an engem Café an der Route de Luxembourg zu Péiteng hire Portmonni aus der Posch geklaut. De Portmonni gouf kuerz drop am Café fonnt. Allerdéngs huet eng Bankkaart an dësem gefeelt. Et gouf eng Enquête op der Plaz gemaach. An där hirem Verlaf goufe véier Persounen an der Ëmgéigend vum Café ermëttelt a kontrolléiert. Bei dëser Kontroll hunn d'Beamte vun der Police da Géigestänn fonnt, déi kuerz virdrun aus engem Gefier geklaut goufen, dat net zougespaart war. D'Géigestänn – dorënner e Rucksak an e puer Bankkaarte goufe saiséiert an un d'Besëtzer zeréckginn.
Och hei gouf e Protokoll erstallt an et goufen Enquêten an d'Weeër geleet.