Net consomméierenDelhaize rifft 4 Zorten Iesskëschte wéinst "Flonicamidd" um Poivron zeréck

RTL Lëtzebuerg
De Supermarché rifft 4 Produite vun der Mark Delhaize zréck. Se sollen net consomméiert, mä zréck an de Buttek bruecht ginn.

Et handelt sech bei de concernéierte Liewensmëttel ëm 4 Këschte fir e Plat ze preparéieren. Um Poivron, deen doran enthalen ass, wiere Réckstänn vu sougenanntem “Flonicamidd” festgestallt ginn.

Betraff si folgend Iesskëschten:

Nom : BOITE REPAS GRATIN AU POIREAUX
Marque: Delhaize
Code EAN: 5400119569330
Numéro de lot : 554104047

Nom : BOITE REPAS CURRY MADRAS
Marque : Delhaize
Code EAN: 5400112368237
Numéro de lot: 682305041

Nom : BOITE REPAS SOUP LENTILLES ROUGES
Marque : Delhaize
Code EAN: 5400119531320
Numéro de lot : 431405041

Nom : BOITE REPAS SOUP PATATE DOUCE
Marque : Delhaize
Code EAN: 5400119531368
Numéro de lot : 433104047

Betraff sinn d’Këschten mam Datum tëscht dem 27. Mäerz an 2. Abrëll. Aner Produite aus deem selwechte Sortiment sinn net betraff a kënnen ouni Bedenke giess ginn.

Communiqué mam Réckruff vun Delhaize - Boîte repas

Back to Top
CIM LOGO