
Analyséiert goufe 747 Prouwe vu Lëtzebuerger Residenten. An deem Zäitraum goufen 2.373 Persoune positiv getest. Nieft de genannte 747 Sequenzéierunge goufen zousätzlech 387 Prouwen op Omikron ënnersicht. Heibäi gouf allerdéngs kee Fall vun der neier Variant detektéiert.
Weider konnt festgestallt ginn, datt 100% vun den Infektiounen op d’Delta-Mutatioun zeréckzeféiere sinn. D’AY.43-Linn kënnt mat 35,1% am heefegste vir, AY.4 op Plaz 2 mat 10,4% an AY.98.1 op drëtter Plaz mat 8,1%.