Wie bis haut dat gréngt Wëssen net hat, konnt sech dat e Samschdeg zu Miersch am Gemeinschaftsgaart weise loossen. Eng éischte Kéier huet Lëtzebuerg nämlech um Festival “48 heures de l’Agriculture Urbaine” deelgeholl, deen de Bierger déi urban Landwirtschaft méi no brénge soll. An deem Kader hunn de “Centre for ecological learning Luxembourg” an eng Partie lokal Acteuren gewisen, wéi nohaltegen “urbane Gardening” funktionéiert.