ADR-Chamberbilan"Dem Klima ass net gehollef, wann een zu Arel tankt anstatt zu Stengefort"

Diana Hoffmann
Monique Kater
E Mëttwoch huet déi Alternativ Demokratesch Reformpartei de Chamberbilan gezunn.
© Pedro Venancio / RTL

Et wëll een d’Partei vun der Famill an dem soziale Gewësse sinn, huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser e Mëttwoch de Mëtteg gesot. D’Partei hat d’Press gelueden, fir hire Bilan vum Chamberjoer ze zéien an en Ausbléck op den Hierscht ze maachen.

ADR-Chamberbilan / Reportage Diana Hoffmann

D’Ambitioune si grouss. D’Wale wieren zwar nach net muer, mee iwwermuer, sot de Fernand Kartheiser e Mëttwoch de Mëtteg. Et wëllt ee sech esouwuel an der Chamber verstäerken, wéi och e Sëtz am Europaparlament viséieren. Schliisslech wier een zu Lëtzebuerg antëscht definitiv eng Alternativ an der Politik. Et géing een eben net einfach nobieden, wat d’Regierungspartei seet, wéi dat aner Oppositiounsparteien, notamment d’CSV, géinge maachen.

Dat gréisst Versoe vun der Regierung gesäit d’ADR dann net doranner, datt keng Steierreform komm ass. Hei bleift een op enger Linn mat der Regierung. Et wier den Ament kee Geld do, fir esou eng Reform ze finanzéieren. D’Positioun vun der ADR an dëser Fro ass awer kloer. Keng Erhéijung vun der Steierlaascht. Dobäi schwäerzt ee sech kloer fir den Tanktourismus aus a fir d’Akommes, wat een dorausser zitt. “Dem Klima ass net gehollef, wann een zu Arel tankt anstatt zu Stengefort”, sou de Fernand Kartheiser. Et ass een awer fir punktuell Verbesserunge bei de Steieren, zum Beispill fir Elengerzéier oder fir Wittleit. Si solle kënnen an hirer Steierkategorie bleiwen. Doriwwer eraus gëtt sech och zu der Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun bekannt. An de Mindestloun soll vun de Steiere befreit ginn.

Mee zréck zu deem, wat d’ADR als eigentlecht Versoe vun der Regierung gesäit. Nämlech, datt d’Regierung kee Verfassungsreferendum gemaach huet, wéi se eigentlech versprach hat. Dowéinst misst ee sech d’Fro stellen, wéi een et mam Demokratieverständnis géing huelen.

An den nächste Wale wëll d’ADR sech besonnesch dofir asetzen, fir déi sozial Problemer am Land unzegoen. Zum Beispill wäert d’Energieaarmut e Sujet sinn, déi dës verstäerke wäert. “D’Leit musse kënnen hëtzen, ouni sech ze ruinéieren”, sou de Fernand Kartheiser. Schonn elo géingen d’Leit ufänken ze verzichten, wat Konsequenzen op déi ganz Ekonomie hätt. An och de Wuesstem vum Land wäert en Dauerbrenner bleiwen, a misst a Fro gestallt ginn. Vill Leit wieren enttäuscht a géinge sech entfriemen oder an d’Ausland goen. Dofir bräicht een onbedéngt eng Wuesstemsdebatt. An an deem Zesummenhang eng iwwert eng Pensiounsreform, fir datt och d’Generatiounen dono nach eng Perspektiv hunn.

D’ADR wënscht sech dann och nach eng Meenungspluralitéit an eng Sträitkultur an der Gesellschaft. Mat Debatten an Austausch, wou och emol Partei géint Partei untrëtt, sou de Fernand Kartheiser. Datt sech d’Leit kéinten objektiv eng Meenung bilden.

© Pedro Venancio / RTL

Back to Top
CIM LOGO